Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 19. Oktober ausgestraalt ginn.
Am Kader vum neie Buget vun der EU fuedert d’Europäescht Parlament spezifesch Gelder fir « Europäesch Valeuren ». Unkloer ass bis elo wéi genau dat soll ausgesinn, a wéivill Sue solle vergesi ginn.
An der aktueller Propose fir de Budget vun der Europäescher Unioun fir 2021 bis 2027 proposéiert d’Europäesch Kommissioun 947 Milliounen fir Justiz, Biergerrechter a Valeuren. Dës Fongen sollen fir de Raum fir Fräiheet a fir d’Sécherheet vum Recht zegutt kommen. D’Europäescht Parlament freet ee ganz spezifesche Budget fir d’Défense vun “europäesche Valeuren”.
Firwat dat esou ass, erkläert de Leo Traugott vum britesche Reform-Think Tank Open Europe. Hie seet dass hei versicht gëtt Länner wéi Ungarn a Polen op ee méi rechtstaatleche Wee ze brengen, mee seet sech awer skeptesch op Millioune vun Euro fir ONG’en an deene Länner wierklech dee richtege Wee ass.
De Leo Traugott seet awer och dass hei de Schoss no hanne goe kéint. Vill EU-Skeptiker a Länner wéi Ungarn zum Beispill soen dass ominéis Fongen aus dem Ausland hir Politik beaflosse wéilten. Dat hei wier just Benzin op d’Feier gegoss.
Elo bleift ze gesinn wéi schnell d’EU Membersstaate sech op ee Budget eenege kënnen. Besonnesch déi betraffe Länner, wéi Ungarn, Polen a Rumänien, kéinte nach ee Wuert matzeschwätze kréien.