Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 17. Oktober ausgestraalt ginn.
D’Europäescht Parlament ass momentan amgaang déi vun der Europäescher Kommissioun proposéiert Plastikstrategie ze iwwerschaffen. Den Ëmweltcomité vum Parlament proposéiert eng ganz Rei zousätzlech Verbueter.
D’Europäescht Parlament ass momentan amgaang déi vun der Europäescher Kommissioun proposéiert Plastikstrategie ze iwwerschaffen. Den Ëmweltcomité vum Parlament proposéiert eng ganz Rei zousätzlech Verbueter.
Den Ëmweltcomité vum Europäesche Parlament, ënnert dem belsche Rapporteur Frédérique Ries, huet eng ganz Rei Konsenz-Amendementer ugeholl op dësem Sujet. De Comité ass ambitiéis: Nieft der aktueller Propose vun der Kommissioun setzt en och Verbueter fir dënn Plastikstuten, biofragmentable Plastik, an takeaway Plastikcontainer a Becher aus Styropor dobäi. Exceptioune sollen et bis 2023 fir Schoulkantinnen a Spideeler ginn.
Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz, seet sech frou iwwert d’Propose vum Comité, a wéi e virgaange wier: Si hätte genee gekuckt wéi eng Plastikartikelen een op de Pagen erëmfënnt.
Op d’Fro hinn op ee net vill éischter sollt déi bestrofen, déi de Knascht maachen, seet d’Tilly Metz dass béid Optiounen missten um Dësch leien, also Recyclage undreiwen an d’Produkter selwer vum Maart huelen.
Déi Gréng Europdeputéiert kéint mat Ausnahmereegele liewen, wann zum Beispill Leit mat spezifesche physesche Behënnerungen ee Stréihallem bräichten. Do wier Flexibilitéit méiglech. Fir all déi aner wier souwéisou just eng Saach vu Gewunnescht.
D’nächst Woch stëmmt d’Europäescht Parlament iwwer déi vum Ëmweltcomité proposéierten Amendementer of. Duerno geet et an d’Négotiatiounen mat der Europäescher Kommissioun an de Membersstaaten.