Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 27. September ausgestraalt ginn.
Eng europäesch Biergerinitiative wëll d’Käfeghaltung vun Déieren an der Europäescher Unioun verbidden. Iwwer dat nächst Joere ewech ginn elo Ënnerschrëften gesammelt, och zu Lëtzebuerg.
Bei der Présentatioun am Europäesche Parlament, vun der Initiative déi d’Käfeghalten verbidde wëll, si staark Wieder gefall. Käfeghaltung wier onmoralesch. Ee briteschen Europadeputéierten huet a senger Support-Ried d’Praxis mat der Sklaverei verglach. Ee Spectateur am Public kommentéiert de Sujet andeem e seet “ech si jo op hirer Säit, mee esou kritt een d’Bauere net iwwerzeegt”.
Déi Lëtzebuerger Europdeputéiert Tilly Metz huet op der Présentatiounsveranstaltung och geschwat, an ënnerstëtzt vollends dës Initiativ, besonnesch och doduerch dass se vun enger grousser Majoritéit gedroe géing ginn. D’Käfeghaltung ass fir déi Gréng Europadeputéiert ee Beweis vun enger däischterer Zäit um europäesche Kontinent, an et misst een all Déierenzorte befreien. D’Tilly Metz erkennt un dass de Changement fir d’Baueren net onbedengt een einfache wier, a propséiert de Problem mat Subventiounen aus der europäescher Agrikulturpolitik ze léisen. Den Agrikulturbudget, wéi en de Moment proposéiert ass, géif fir déi nächst Joeren 365 Milliarden Euro beinhalten. Doraus kéimen dem Tilly Metz no déi néideg Fongen.
D’Biergerinitativ “End the cage age” ass vun der Europäescher Kommission als offiziell Petitioun unerkannt ginn, a brauch an all Membersstaat ee gewëssene Seuil fir een Effekt ze hunn. Zu Lëtzebuerg sinn dat 4.500 Ënnerschrëften.
Erklärung vun der Petitioun géigeniwwer vun der Europäescher Kommissioun:
“Käfighaltung fügt jedes Jahr einer enormen Zahl von Nutztieren großes Leid zu. Käfighaltung ist grausam und unnötig, da eine tiergerechtere Haltung ohne Käfige rentabel möglich ist. Die Kommission wird daher ersucht, Rechtsvorschriften vorzuschlagen, wonach Folgendes verboten wird: • Käfige für Legehennen, Kaninchen, Junghennen, Masthähnchen, Legetiere, Wachteln, Enten und Gänse; • Abferkelbuchten für Sauen • Kastenhaltung von Sauen, soweit nicht bereits verboten • Einzelboxen für Kälber, soweit nicht bereits verboten”
Méi Informatioune fannt dir op: http://ec.europa.eu/citizens-initiative/public/welcome