Soll de Staat an Entreprisen finanziell engagéiert sinn?

Dëse Beitrag sollt eigentlich als eng weider Contributioun an der Serie “Bléckwenkel” fir d’Associatioun Narin zu Lëtzebuerg verëffentlecht ginn. Dozou ass et awer net komm. Hei dofir de Beitrag wéi ech e verfaasst haat.

Natierlech net! Et gëtt quasi keng méi schlecht Aart a Weis fir eng Entreprise ze steiren, wéi dass de Staat sech an hir akeeft. Soe mir dir hätt Limond-Stand um Eck vun ärer Strooss, dir hutt Konkurrenz vun anere Stänn, an dir hätt folgend zwee Szenarien:

A) Fir mat ärer Konkurrenz eenz ze ginn musst dir Investisseure fannen. Déi investéiere just wann dir déi beschte Limonad maacht.

B) Är Groussmamm, well se Matleed mat iech huet, gëtt iech egalwéi Suen, op dir elo vill verkaaft oder net.

A wéineger vun dësen zwee Szenarien maacht dir besser Limonad? Ech mengen d’Äntwert erklärt sech vum selwen.

Wann de Staat sech finanziell an enger Entreprise engagéiert, da gëtt dat dëser Firma eng enorm Secherheet. Just ganz selte gi Staate bankrott, an dofir ass hiren Engagement och esou wertvoll. Wien de Staat am Réck huet, ka net méi vill falsch maachen.

Zu Lëtzebuerg war d’Akaafe vum Staat an Entreprisen meeschtens entweder eng Rettungsaktioun vun enger Firma déi grad amgaange war an d’Getten ze goen, oder eng Form vum ökonomesche Protektionnismus (= Verdeedegung vun den lëtzbuergeschen Entreprisen géint auslännesch Konkurrenz). D’Lëscht vun deenen Engagementer ass laang. Sou huet de Lëtzebuerger Staat zum Beispill Part’en bei der Cargolux, BGL BNP Paribas, ArcelorMittal, CREOS, der BIL (Banque Internationale à Luxembourg) oder LuxTrust. Dës Firmen sinn erfollegräich entweder Banken déi an der Kris d’Bach erofgaange sinn, vun engem internationale Riesekonzern gestäipt, oder ee Monopol um Lëtzebuerger Marché hunn, mee kaum well de Staat bei hinnen Actionaire ass.

Mir kréieren domat oft Firmen déi mat hirem aktuelle Status zefridde sinn, a näischt maache fir ze wuessen. Dat ass an engem kompetitiven Aarbechtsmarché wéi zu Lëtzebuerg keng Hëllef. Ganz dovun ofgesinn: Mir kënnen eise gewielte Vertrieder scheinbar weder eis raisonnabel Steierpolitik, Privatsphär oder Scholden uvertrauen, mee Actionaire spillen, dat kréien se op d’Ronn. Mir schaafe soss näischt wéi nei Plazen fir Lëtzebuergesch Bürokraten, déi an de Conseil’en vun Administratiounen an Direktiounen d’Still waarm haalen. Dat hëlleft weder dem Staat, nach den Entreprisen, nach de Steierzueler.

De Lëtzebuerger Staat soll keen Investisseur sinn. Part’en an Entreprisen solle verkaaf an dem Steierzueler seng Sue zréckgi ginn.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s