Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 6. Juni ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
365 Milliounen Euro. Dat wier de Käschtepunkt vum Budget fir déi europäesch Agrarpolitik, wann der Europäescher Kommissioun hir Virschléi ugeholl géife ginn. Dat wiere 5 Prozent, also 17 Milliarden Euro, manner wéi di viregt Joeren. Amplaz vu 40 Prozent, wier d’Agrarpolitik just nach een Drëttel vum gesamten EU-Budget.
De neie Budget soll der Kommissioun no och méi ee groussen Accent op emweltschounend Mesuren ginn. 40 Prozent vum Agrarbudget sollen fir esou Moossnahmen benotzt ginn.
D’Europäesch Kommissioun hofft och dass dës Reform manner bürokratesch fir d’Bauere wier. Dat ass awer ee Verspriechen wat just gehale ka ginn wann déi eenzel Memberstaaten, déi d’Politik ëmsetze mussen, och selwer hier Methode reforméieren.
De Budget vun der allgemenger Agrarpolitik huet egalwéi miss schrumpfen, well Groussbritannien ass Memberstaat ewech faale wäert. Dat huet d’Fro iwwer déi gerecht Verdeelung allerdéngs net opgeléist. Länner an Zentral- an Osteuropa bechwéieren sech weider doriwwer dass si schlecht ewech kommen. Dat huet awer deelweis och mat ennerschiddlechen Materialkäschten ze dinn: D’Material vun engem Bauer a Rumänien a wäitaus méi gënschteg wéi dat vun engem Bauer zu Lëtzebuerg.
D’Reform vun der Agrarpolitik ass elo als éischt dovun ofhängeg op déi eenzel Memberen sech op de Budget fir 2021-2027 eengege kënnen.