Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 25. Mee ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
Korruptioun, Stëllstand a politesch Machtspillereien: Dogéint haten vun Ufank Abrëll bis Ufank dëses Mounts iwwer 200.000 Leit an der armenescher Haapstad Yerevan demonstréiert. Dem Präsident Serzh Sargsyan gouf virgeworf d’Verfassungsännerung fir säin eegent politescht Machtspill ze mëssbrauchen. Dës armenesch Revolutioun ass gréisstendeels friddlech Verlaf, an huet mat sech bruecht dass den Sargsyan zréckgetrueden ass.
Vill jonk Leit am Kaukasus-Land si frustréiert dass si net genuch ekonomesche Wuesstum an Innovatioun hunn, déi hinne zou engem bessere Liewe verhëllefe kënnen. Vill vun hinnen verloossen dofir d’Land.
Als Revolutiouns-Leader huet sech de Nikol Pashinyan erausgeschielt, een 42-jähregen Journalist dee schon an der Vergaangenheet versicht huet Revolutiounen ze leeden. De Nikol Pashinyan ass op alle Fall kee klassesche Politiker. Op Protester a Pressekonferenzen gesäit een hien oft mat enger Sportkaap, engem Camouflage T-Shirt an engem Rucksaack. Bei engem ëffentlechen Treffen mam Serzh Sargsyan Enn Abrëll koum et zu engem hëtzege Gespréich, an deem de Pashinyan sot “D’Situatioun an der armenscher Republik huet changéiert. Dir huet keng Muecht méi, wëll dës Muecht nees der Bevëlkerung gehéiert.”
De Pashinyan ass elo mat knapper Majoritéit vum Parlament zum Premierminister gewielt ginn, mee d’Zukunft vun Armenien bleift weider ongewëss well déi republikanesch Majoritéit bleift. Soulaang wéi de Pashinyan keng Neiwahlen organiséiert, kann hie sech kenger stabiler Majoritéit secher sinn. Bis elo si nach keng Neiwahlen organiséiert ginn.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!