[REPORTAGE] Solle Roboter haftbar ginn?

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 16. Mee ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.

[Radio USO]: D’technesch Entwécklungen wéi autonom Autoen an aner Forme vu kënschtlecher Intelligenz stellen eng ganz Rëtsch juristesch Froen. Wien ass responsabel wann ee Roboter enger Persoun Schued zoufügt? De Bill Wirtz mat enger Korrespondenz vu Bréissel. 

Wie mengt dass Geriichtsprozesser zwësche Mënschen komplizéiert sinn, dee muss sech drop gefaasst maachen wat geschitt wann een intelligente Roboter verklot soll ginn. D’Politiker am Europäesche Parlament hu sech mat dësem Sujet scho beschäftegt. D’Mady Delvaux ass déi eehemoleg Präsidentin vum Aarbechtsgrupp “Robotik a kënschtlech Intelligenz” am Europäesche Parlament; si seet, dass hiere Grupp ee grondsätzlech Problem léise wollt.

Déi juristesch Fiktioun géif mat sech bréngen dass de Roboter verklot kéint ginn, well usech weder de Produzent nach de Notzer kéinten fir de Schued verantwortlech gemaach ginn. D’Idee wir fir Assurancen ze schaafen déi an esou Situatioun gräife kéinten. Dat ënnerstëtzen och d’Produzente. Gläichzäiteg gëtt et awer d’Kritik vu juristeschen Expert’en déi mengen dass d’Entreprisen sech hei aus hirer Responsabilitéit erauskafe wëllen.

D’Mady Delvaux stellt kloer dass de Rapport vum Aarbechtsgrupp dës juristesch Fiktioun just ugeduecht huet.

Kloer wier fir déi Lëtzbuerger Europadeputéiert dofir.

D’Mady Delvaux mengt awer och dass Roboter nach net esou wäit fortgeschratt wieren dass dëse Problem elo esou sérieux wier.

Säit déi éischt autonom Autoen Akzidenter gehat hätten wier dëse Sujet elo grouss an der Diskussioun. Dausende vu Mënschen stiewe weltwäit an Autosakzidenter an deenen d’Leit selwer fueren, a mir schéngen déi jo a Kaf ze huelen. Elo vun selwerfuerenden Autoen ze erwaarde fir ni een Akzident zu hunn, dat ass fir d’Mady Delvaux, e bësse vill verlaangt.

Op alle Fall, wie bei der Haftbarkeet vu Roboteren also e bëssen duerchernee komm ass, ka sech berouegen. Juristen, Politiker a Produzente schénge sech momentan och net eens ze sinn.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s