Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 27. Abrëll ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
[Radio USO] : D’Europäesch Kommissioun huet ee Virschlag gemaach fir d’Rechter vun Zuchpassagéier ze verbesseren. Besonnesch am Kontext vu reegelméissege Streiken op nationale Linnen, mee vu verstäerkter Liberaliséierung am Zuchverkéier ass de Sujet besonnesch wichteg. D’Europäescht Parlament feilt grad un dëser Propose. De Bill Wirtz mat enger Korrespondenz vu Bréissel.
Kee gëtt gär stoe gelooss, a besonnesch net eleng op engem Gleis wann een Zuch streikt, eng Pann huet oder einfach just verspéit ass. Déi aktuell Gesetzgebung vun 2007, déi sech mat de Rechter vun Zuchpassagéier beschäftegt, hätt de Problem kaum ugepaakt, seet de Lëtzebuerger Euroadeputéierten Georges Bach, deen am Transportcomité vum Europäesche Parlament sëtzt.
Déi nei Reegelung soll kläre wie responsabel ass wann international Connectioune net opginn. Zum Beispill : wann ären Zuch op de Fluchhafen verspéit ass, an dir de Fluch verpasst, wien dréit dann d’Responsabilitéit ?
De Georges Bach wëll dass de Verbraucher hei besser informéiert gëtt.
D’Arrivée vu privaten Zuchgesellschaften ass jo bekanntlech ëmstridden. Si ass ee vun de Grënn wéisou déi franséisch SNCF momentan streikt, well hei Konkurrenz fir de Staatsmonopol gefaart gëtt.
Fir de Georges Bach ass Westeuropa an deem Sujet kee weidere Problem. Privat oder net, et wiere virun allem den Zentrum an den Oste vun Europa déi bei der Infrastruktur onbedengt nobessere misste.
Den Challenge fir d’Europaparlament ass dowéinst elo ee Kompromëss ze fannen zwëschen engem entwéckelte Westen, dee Konkurrenz op Strecken déi a Stand gehale sinn, verdroe kann, an neien EU-Memberstaaten déi dësen Dossier méi lues fuere loosse wëllen. Wichteg wier awer virun allem dass Zuchpassagéier besser informéiert wieren iwwer hir Rechter wa mam Zuch mol eppes, net klappt.