Wanns du kéins d’EU vu Grond op nei gestalten, wat fir Prinzipien géifs du verfolgen?

Dësen Artikel gouf am Kader vun engem Projet geschriwwen dee “Bléckwénkel” heescht. Jonker mat verschiddene politische Philosophien äntwerten op preparéiert Froen, am Sënn vun der Informatioun vu jonke Lycée’s-Schüler. Den Original kann een hei liesen.

“Wien och nëmmen ee minimaalt Verständnis vu liberaler Philosophie huet, wees dass Liberalismus a supra-national Organisatiounen déi sech iwwert ee ganze Kontinent erstrecken, immens geféierlech fir eng fräi Gesellschaft sinn. Zentraliséierung vum Pouvoir op enger eenzeger Plaz war nach ëmmer problematesch fir d’Fräiheete vum Individuum, sief dat Peking, Moskau oder Washington D.C. Wann also d’Fro ass wéi ee Liberalen d’EU vu Grond op nei gestalte géif, dann ass d’Äntwert: Guer net.

D’Europäesch Unioun ass kee Produkt vun der direkter Nokrichszäit, mee vum Maastricht Traité vun 1992. Dat ass eng Verwiesslung déi oft stattfënnt, an déi souguer Politiker gäre maachen. Et ass eréischt säit 1992 dass mir politesch Strukturen hunn déi sech säit dem Lissabonner Vertrag vun 2009 eens sinn dass Bréissel ëmmer méi Pouvoir soll usammelen.

Dat heescht deemno net dass alles zwëschen 1945 an 1992 falsch war: D’Valeure vum fräien Handel an Europa ass mat ee vun deene wichtegste Facteure fir de kontinentale Fridden. Eng liberal Äntwert op eng ideal Konstruktioun vun der Europäescher Unioun ass dofir eng Unioun déi sech ëm vill manner Sujet’en këmmert wéi haut. D’Verträg musse kloer dorop hiweisen dass d’EU (oder wéi se och ëmmer heesche géing) sech ni a militäresch, aussepolitesch, bildungspolitesch, ëmweltpolitesch, fiskal, wirtschaftlech, währungstechnesch oder a Sujet’en zu individueller Fräiheet amëschen. Europäesch Kooperatioun soll sech doduerch auszeechnen dass se eng Plattform bitt déi géigesäiteg Zirkulatioun vu Persounen, Gidder a Servicer zouléisst ouni dobäi eng politesch Struktur opzebauen.

Mir mussen europäesche Länner erlaben a géigesäitege Wettbewerb ze stoe fir ekonomesch Attraktivitéit, net se duerch een zentrale Pouvoir probéieren an ee Schema eran ze pressen. Dëst wäert Entreprisen a Bierger méi Mobilitéit ginn: D’Idee dass “wann et dir hei net gefält, da géi zwësch anescht hin” funktionéiert besser mat ville klenge Länner amplaz vun engem eenzege Superstaat.

Aus enger Vue vun individueller Fräiheet muss europäesch Kooperatioun op fräiem Handel an enger gesonder Skepsis vis-à-vis vun der Muecht vum Staat berouen.”

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s