[REPORTAGE] Mady Delvaux iwwer kënschtlech Intelligenz: Kommissioun net aktiv genuch, nei Steiere néideg

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass den 13. Abrëll ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.

[Radio USO]: Kënschtlech Intelligenz, Datesammlungen, autonom Autoen: technologesch Innovatioun ass een Challenge fir d’Europäesch Unioun, an där vill Politiker gäre méi legal an ekonomesch Secherheet hätten. De Bill Wirtz huet zu Bréissel mam Mady Delvaux iwwert dëse Sujet geschwat. 

D’LSAP-Europadeputéiert Mady Delvaux ass déi eehemoleg Präsidentin vum Aarbechtsgrupp “Robotik a kënschtlech Intelligenz” am Europäesche Parlament. Wéi d’Europäesch Unioun mat neien Technologien emgoë soll, ass hiere Kärsujet zu Bréissel a Stroosbuerg. Mat hierem Engagement wéilt si een Zeeche setzen.

D’Mady Delvaux ass der Meenung dass d’Europäesch Kommissioun net wäit genuch geet a Saachen Reglementatioun.

D’Mady Delvaux kënnt op hirer Säit zur Konklusioun dass dësen Challenge esou grouss ass, dass op der Säit vun der Emverdeelung muss geschafft ginn. Si wëll richteg stellen dass weder si nach de Rapport vum Aarbechtsgrupp sech fir eng Robotersteier ausgeschwat hätt, an awer seet si dass nei Steier néideg sinn.

Fir de franséischen Economist Patrick Artus, dee viru kuerzem ee Buch mam Titel “Et si les salariés se révoltaient? – Pour un nouvel âge du capitalisme” verëffentlecht huet, war d’Industrialiséierung laang eng einfach Equatioun.

Den Economist insistéiert drop dass kënschtlech Intelligenz an Robotik keng Aarbechtsplazen zerstéieren, mee dass se, an der aktueller Economie, Aarbechtsplazen vereinfachen.

D’Besteierung vu Roboter wier deemno net dee richtege Wee, well verhënnert misst ginn dass Innovatioun découragéiert gëtt. En enger Zäit vu kënschtlecher Intelligenz wier et wichteg mat kloeren Daten ze schaffen, fir den Impakt vu Mesuren ofzeweien.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s