Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 9. Abrëll ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
[Radio USO]: Den CSV-Europadeputéierten Frank Engel kritiséiert reegelméisseg déi ungaresch Regierungspartei Fidesz, déi an der selweschter Fraktioun am Europaparlament sëtzt wéi seng Partei. Iwwer déi eventuell Konklusioun déi doraus gezu misst ginn schéngt hien Differenzen mat senger Parteikollegin Viviane Reding ze hunn. De Bill Wirtz huet d’Detailer.
D’lescht Woch sot de Frank Engel um Mikro vun RTL Radio, dass d’Memberschaft vu Fidesz, d’Partei vum ungaresche Premierminister Viktor Orban, Onwuel provozéiert.
D’CSV-Europaparlamentarierin geet net op dem Frank Engel seng Undeitung an, dass d’CSV je nodeem keng Plaz méi an der EVP huet. Si benotzt a Contrepartie awer stark Wieder fir déi ungaresch Regierung.
D’Wuert “Diktator” geet op alle Fall wäit fir déi bishereg diplomatesch Bezéiungen mat Ungarn. Den EU-Kommissiounspräsident Jean-Claude Juncker hat den ungaresche Premierminister zwar schon eng kéier esou gennant, deemols huet et allerdéngs esou geschéngt, wéi wann et ee Witz gewiescht wier.
D’Viviane Reding seet dass och aner Parteien mat schwaarze Schof begléckt wieren.
An effektiv, während d’CSV-Europadeputéierten Reding an Engel sech de schwierege Froen vun de Problemkanner an hieren europäesche Parteifamille stellen, war d’LSAP-Europadeputéiert Mady Delvaux fir Froen zu hirer Partei, net ze erreechen.
Am Ulaaf fir d’Europawahlen 2019, schéngt et op alle Fall wéi wann de Sujet vu Fidesz an der Memberschaft an der EVP nach ee Sujet bei der CSV kéint ginn.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!