Ass d’EU demokratesch?

Dësen Artikel gouf am Kader vun engem Projet geschriwwen dee “Bléckwénkel” heescht. Jonker mat verschiddene politische Philosophien äntwerten op preparéiert Froen, am Sënn vun der Informatioun vu jonke Lycée’s-Schüler. Den Original kann een hei liesen.

“De Fakt dass d’Europäesch Unioun een Demokratiedefizit huet ass net nëmmen onëmstridden, et ass esou ongeféier deen eenzegen Konsenspunkt bei deem jiddereen sech eens ze si schéngt. All pro-EU Stëmm widderhëlt: “D’Unioun ass alles an allem eng gutt Saach, och wann se Demokratiedefiziter huet.”

Et ginn dräi verschidde grouss Sträitpunkten bei där d’Europäesch Unioun demokratesch uneckt:

  1. D’Europäescht Parlament: Déi eenzeg vun den dräi Institutiounen bei där d’Memberen direkt gewielt ginn huet direkt zwee grouss Facteuren déi matspillen. Zum engem si kleng Länner, dorënner Lëtzebuerg, mat just 6 Deputéierten ënnerrepresentéiert. Och wann d’Géigenargumentatioun hei ass dass Lëtzebuerg als Land nach ëmmer gläichwäerteg am Europäesche Conseil representéiert gëtt, ass et awer net onwiesentlech op ee 6 Parlamentarier huet déi an de Kommissiounen mat un Resolutioune schaffen oder 60. D’Resultater hei si gewinnt am Interêt vun deene méi grousse Länner. An enger zweeter Mesure ass d’Europäescht Parlament eng schwaach Legislative, well sech keng Gesetzer initiéiere kann. Während am Grand-Duché d’Chamber ee Gesetzpropositioune maache kann, dierf zu Bréissel just d’Europäesch Kommissioun Gesetzer virschloen. Mat parlamentarescher Aarbecht huet dat also ganz wéineg ze dinn.
  2. EU-Consultatiounen: Wann der iech frot wat dat iwwerhaapt ass, da gesitt der schonn de Problem. EU-Consultatiounen sollen d’Bierger mat an der legislative Prozess vun der Unioun mat abannen, mee kaum ee Wieler weess dass solch Questionnairen iwwerhaapt existéieren, wouduerch se kee representative Wäert hunn. Et stellt sech och eraus dass “D’Abannen vun der Zivilgesellschaft” just am Intérêt vu verschiddenen ganz politeschen ONG’en ass, an dobäi och immens ontransparent. Een europäeschen Dialog, gëtt et net.
  3. Participatioun an Interêt: Eng funktionéierend Demokratie gëtt et just dann wann d’Bevëlkerung sech mat der Institutioun identifizéiere kann, an och wees wat geschitt. Béid Konditioune si net erfëllt: Kaum ee Bierger weess wéi d’EU-Institutioune funktionéieren a wat fir Debatte se féiert, wouduerch d’Participatioun esou geréng ass dass een éischter vun enger Technokratie (Politik duerch Bürokraten) wéi enger Demokratie schwätze kann. Dat läit och dorun dass d’EU sech an immens wäit gefächert Gebidder amëscht, déi immens technesch sinn.

An Facteuren passen an 350 Wieder leider net eran, mee eppes ass sécher: Bis deen Dag wou d’EU sech demokratesch nenne kann vergeet nach eng laang Zäit.”

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

w

Connecting to %s