Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 9. Februar ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
[Radio USO]: An de Weltmierer schwëmmt därmoosse vill Plastik-Offall, dass et vum Volume hier quasi e weidere Kontinent ass. D’EU-Kommissioun huet elo hir nei Plastikstrategie virgestallt. De Bill Wirtz mat enger Korrespondenz vu Bréissel.
Manner Plastikoffall, profitable Recyclage, manner Verschmotzung vun de Mierer: Dat sinn d’Ziler vun der EU-Kommissioun vum Jean-Claude Juncker. Fir de gréngen Europaparlamentarier Claude Turmes wier d’Kommissioun endlech zou sech komm, well virun e puer Joer hätt se de Problem Plastik a Plastikstuten net eescht geholl an als “Korinthekackerei” bezeechent.
Méi Informatiounen iwwert d’Plastikstrategie vun der Europäescher Kommissioun.
Fir de Lëtzebuerger Deputéierten hätt d’Kommissioun awer net genuch Courage. Si misst méi wäit goen, zum Beispill andeem se nei Reegelen zum Mikroplastik aféiert, wat Particulle sinn, déi een ënnert anerem an de Kleeder erëmfënnt. Een anert Beispill wieren d’Zousazstoffer, déi och nom Recyclage nach kéinte gëfteg sinn. De politesche Courage, dat wier deen eigentlechen Defi, well et misst ee verschidde Solvante verbidden.
De Karl Foerster vun “Plastics Europe” seet, dass dat ze ambitionéiert wier. Iergend eng Kéier géifen d’Ziler dann onrealistesch ginn, einfach well vergiess géif ginn, wéi vill Detailer vun der Industrie ze klären an ze reegele wieren, finalement misst si dat alles ëmsetzen.
D’Industrie géif de Schrëtt vun der Kommissioun begréissen, well et dee richtegen Usaz wier. Am Benelux an och an aneren Deeler vun Europa géifen 99 Prozent vum Plastik agesammelt ginn, do wier dat keen Thema méi, do géifen et keng verknaschte Flëss, Géigenden oder Mierer ginn. Ma an aneren Deeler wier dat net esou, do misst Europa dann och nach seng Hausaufgabe maachen.
De Claude Turmes ass vun dësen Aussoen net beandrockt. Hie géif jo ganz gäre mat de Lobbyiste vun “Plastics Europe” schwätzen, ma bal nach léiwer géif hie mat Wëssenschaftler schwätzen, déi Analyse maachen an de Saachen op de Fong ginn, ouni wirtschaftlech Interessen ze hunn. “Sënnvolle Recycling kann een nëmme maachen, wann dee Plastik, deen op de Marché kënnt, propper ass.”