[REPORTAGE] Méi laang Fuerzäiten fir Camions-Chaufferen : Georges Bach gesäit Risikofacteur op der Strooss

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass den 1. Februar ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.

[Radio USO] : Virun der Summerpaus wëll d’Europäesch Unioun de Mobilitéitspak fäerdeg décidéiert hunn. Een Deel dovun ass sinn d’Rouzäiten vu Camion’s-Chaufferen. De Bill Wirtz huet zu Bréissel mam Georges Bach geschwat.

Am Joer 2006 huet d’Europäesch Unioun d’Reegelen fir d’Rouzäiten vu Camions-Chaufferen festgesat, déi an all Membersland gëllen. Dorënner ass zum Beispill dass d’Chaufferen net méi wéi 9 Stonnen den Dag fueren dierfen, dass se 11 Stonnen den Dag raschte mussen, oder se kuerz Pausen no méi 4,5 Stonne Fahrt maachen mussen. Dat sinn allgemeng Reegelen, déi all hir individuell Ausnahmen hunn.

De Lëtzebuerger Europaparlamentarier Georges Bach, deen och am Transportcomité sëtzt, seet dass et awer virun allem un der Ëmsetzung hapert. Net an all Land wieren d’Reegelen déi selwescht.

D’Rouzäiten déi 2006 décidéiert gi wieren, déi wiere gutt. Mat de neie Propositioun huet de Georges Bach awer Problemer.

D’Reform vun de Rouzäiten ass just eng vu ville Mesuren déi am Mobilitéitspak enthale sinn. Dass amplaz eenzel Mesuren, hei vill verschidde Reegelen an ee grousse Pak geheit ginn, gesäit de Georges Bach och skeptesch. D’Europäesch Komissioun kéint de Parlamentarier esou « Sujet’en ennerjubelen ». Op de Georges Bach fir de Pak stëmmt, décidéiert hien eréischt dann wann alles um Dësch läit, an der Hoffnung dass seng Kritike gehéier fannen.

[Radio OFSO] : D’Europäesch Unioun reforméiert, als Deel vum Mobilitéitspak, d’Rouzäite vu Camions-Chaufferen. De Bill Wirtz huet zu Bréissel mam Georges Bach iwwer seng Bedenke geschwat.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s