Dëse Feature gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 27. Januar ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
[Radio USO]: Den amerikanesche Cato Institute huet hiren “Human Freedom Index” erausginn. De Grand-Duché kritt eng méi schlecht Note wéi déi viregt Joeren, mee schneid awer virun gutt of. De Bill Wirtz huet d’Detailer.
Fir déi drëtte kéier schon verëffentlecht den amerikanesche Cato Institut, zesummen mat Think Tanks aus Kanada an Däitschland, hieren “Human Freedom Index”. D’Zil ass et ze erfaassen wéi fräi d’Länner weltwäit wierklech sinn. Als Indicateuren huelen d’Chercheuren hei individuell, biergerlech, wirtschaftlech Fräiheeten, an domat och Aspekter vun Vereins- a Versammlungsfräiheet, Reliounsfräiheet, Bewegungsfräiheet, Fraërechter, Kriminalitéitstaux’en oder rechtlech Diskriminéierungen.
Den Amerikaner Ian Vasquez an d’Slovenin Tanja Porčnik, déi de Rapport ausgeschafft hun, soen dass och Rechtstaatlechkeet dobäi eng grouss Roll spillt, well si ee “wiesentlechen Deel” vun der Protectioun vun engem Individuum virum dem Zwang vun anere wier.
Am 396-säitege Rapport ginn dee eenzel Facteuren op enger 10-Punkte Skala bewäert. Weltwäit ass d’Fräiheet vun 7,05/10 op 6,93/10 gefall. Op déi éischte Plaz kënnt dës kéier d’Schwäiz, virun Hong Kong an Neiseeland. Lëtzebuerg ass op der 13. Platz, an domat em eng Platz gefall. De Grand-Duché ass deemno méi fräi wéi Däitschland, Amerika, oder d’Belsch, mee awer hannert Länner wéi Irland, Holland, a Groussbritannien. An der Kategorie perséinlech Fräiheet schneit Lëtzebuerg genee sou gutt of wéi d’Schwäiz, mee huet am Ranking ënnert der faalender wirtschaftlecher Fräiheet gelidden.
Op déi leschte Platzen vun den 159 Länner koumen dës kéier Libyen, Venezuela a Syrien.
Weider Informatiounen zum Human Freedom Index fannt dir op rtl.lu.