[REPORTAGE] Wéieen Afloss huet den Internet op Minoritéitssproochen?

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 25. Januar ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.

[Radio USO]: Den Internet verännert d’Verwendung vun der Sprooch: Dat ass och an der EU zu Bréissel eng Diskussioun. De Bill Wirtz mat senger Korrespondenz.

En engem Interview mat dem EU-Onlinenooriichteportal Euractiv, huet déi lëtzebuerger Europaparlamentarierin Viviane Reding vum Afloss vum Internet op sougenannte Minoritéitssproochen geschwat. An der Défitioun ass eng Minoritéitssprooch eng Sprooch déi just vun engem Brochdeel vun der Bevëlkerung vun engem Staat geschwat gëtt. Fir d’Europäesch Unioun ass Lëtzebuergesch secher een Deel dovun, dorënner och well et net als offiziell EU-Sprooch unerkannt ass.

D’Vivane Reding seet an hierem Interview dass d’Evolutioun dass Minoritéitssproochen hiere Wee an de World Wide Web fonnt eng ganz interessant wier, an dass Lëtzebuergesch doduerch eng besser Zukunft als Sprooch hätt. D’LSAP Europaparlamentarierin a fréier Edukatiounsministesch Mady Delvaux bestätegt dat, mee besteet awer drop dass dominant Sproochen essentiel bleiwen:

D’Viviane Reding seet an hierem Interview mat Euractiv och dass d’Europäesch Unioun méi maache misst fir Minoritéitssproochen ze ënnerstëtzen, dorënner och andeems Internet-Domains accessibel ginn déi Zeechen wéi den “é” erlaaben.

Op institutionellem Niveau ass eng Valoriséierung vun der Lëtzebuerger Sprooch een anert Beispill. Den Edukatiounsminister Claude Meisch hat am Oktober 2016 behaapt dass d’Regierung sech dofir géing asetzen fir Lëtzebuergsch unerkennen ze loossen. D’Mady Delvaux ass domat net d’accord:

Unerkennung oder net, de Wëllen zu Bréissel schéngt do ze sinn fir méi fir d’Minoritéitssproochen ze machen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s