A wat fir eng Richtung soll d’EU an Zukunft goen? Föderal oder nationalstaatlech?

Dësen Artikel gouf am Kader vun engem Projet geschriwwen dee “Bléckwénkel” heescht. Jonker mat verschiddene politische Philosophien äntwerten op preparéiert Froen, am Sënn vun der Informatioun vu jonke Lycée’s-Schüler. Den Original kann een hei liesen.

“D’Zukunft vun der Europäescher Unioun a 350 Wieder ze beschreiwen ass keng sonnerlech einfach Aufgab, besonnesch net wann de Point de Vue ee lëtzebuergesche muss sinn. Déi selbsternannte Prinzipien vun der EU si Fridden, Fräihandel an offenhäerzeg Immigratiounspolitik déi Mënsche Chance gëtt. Dës Valeur’en sinn a sech selwer wënschens- an ënnerstëtzenswäert an an all Hinsicht och liberal. Fir dës Prinzipien ze verteidegen ass et allerdéngs net néideg eng politesch Unioun ze krééieren déi lues a lues méi Pouvoir accumuléiert.

Ganz au contraire: während d’Euopäesch Unioun ëmmer méi eng zentraliséiert Institutioun gëtt, sinn déi grondsätzlech Prinzipien ëmmer mann vu Wichtegkeet ginn. Mir sinn Europäer fir fräien Handel… awer just wann ëmmer just mir de Notzen draus zéien! Mir sinn Europäer fir fräi Immigratioun… awer just fir d’Membere vun eisem Club! Mir sinn Europäer fir Fridden… innerhalb vun eisen eegene Grenzen! D’EU ass kee Projet méi deen europäesch Valeur’en vu Fräiheet représentéiert, mee just nach d’Intérêt’en vun hire Club-Memberen.  Hir elo nach méi Pouvoir ze ginn wir der Saach net gehollef.

Vereengt Staaten vun Europe wiren op laang Dauer an engem ähnlech problematesche Verhältnis zu hire Bierger wéi d’Vereenegt Staate vun Amerika: Een iwwergrousse Staatsapparat deen mat engem grousse Militär Weltpolizei spillt, déi sech wéineg fir d’Rechter vun de vereenzelte Staaten interesséiert an deen eng Gefor fir Biergerrechter duerstellt (wéi z.B. duerch Masseniwwerwaachung).

De Grondprinzip von gudder Gouvernance, ass dass déi déi um Ruder sinn ee Verständnes fir d’Liewe vun deenen hunn fir déi se Gesetzer maachen. Wat de Pouvoir méi wäit fort vum Liewe vun de Wieler ass, wat dese Prinzip vu Lokalismus méi verluer geet. Dass d’Reegelen fir d’Awunner vu Wäisswampech an der Stad gemaach ginn steet nach en engem gesonden Verhältnis zu eneen. D’Distanz zwësche Bukarest a Bréissel allerdéngs suergt dofir dass sech an der EU-Haapstad wéineg fir déi local Besoin’en vun der Bierger interesséiert gëtt.

Eng vun den Organisatiounen virun där mir eis am meeschten ernuecht huele mussen an eisen eegene Staat. Dëse Pouvoir op enger eenzeger Plaz ze zentraliséieren ass ee Feeler. Et ass Zäit fir manner Europa.“

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s