Ass d’Akommes-Inegalitéit e Probleem deen d’Politik adresséieren soll?

Dësen Artikel gouf am Kader vun engem Projet geschriwwen dee “Bléckwénkel” heescht. Jonker mat verschiddene politische Philosophien äntwerten op preparéiert Froen, am Sënn vun der Informatioun vu jonke Lycée’s-Schüler. Den Original kann een hei liesen.

De Sujet Inegalitéit ass an der häiteger Zäit een immens effikassen ekonomeschen Debattepunkt. Dir héiert non-stop dovu wéi grouss den Ënnerscheed zwëschen Aarm a Räich ass, a wat fir schlëmm Konsequenzen dat op déi huet, déi an eiser Gesellschaft am schlechtsten do stinn. Fir Sozialisten ass dëse Sujet ee fundamentalen, well si doduerch méi Reguléierung vun der Ekonomie a méi héich Steiere fuerdere kënnen. Aner Stëmmen, besonnesch an der Politik, halen sech méi kleng, si ginn sech mat Platitudë wéi “mir schaffen dorun d’Ënnerscheeder erof ze drécken” zefridden.

A Wierklechkeet muss dir just eppes verhalen: D’Inegalitéit vun Akommes seet näischt iwwer de Stand vun der Ekonomie aus. Dir kënnt dat un engem empiresche Beispill festhalen: Wa mir d’Akommes vum Bill Gates mat 4 multiplizéieren, an äert mat 3, da verdéngt dir 3 mol souvill wéi virdrun. Gläichzäiteg awer ass an dësem Beispill d’Inegalitéit an d’Luucht gaangen, well den Ecart zwëschen iech an dem Bill Gates nach méi grouss ginn ass. Huet de Bill Gates iech doduerch eppes ewech geholl? Nee. Au contraire, et si besonnesch Leit wéi de Bill Gates déi fir Innovatioun gesuergt hunn. Dëse Fortschrëtt dee fréier, haut, a muer Millioune Leit aus der Aarmut bréngt.

An an der Praxis weisen d’Zuelen dat och: Zwëschen 1947 an 2015 ass d’Ënnerernierung weltwäit vu 50 Prozent op nëmmen 13 Prozent gefall, an dat obwuel d’Weltbevëlkerung sech verduebelt huet. Bei der Aarmut ass d’Bild dat selwecht: D’extrem Aarmut (Weltbank-Definitioun: ënnert 1,9 Dollar pro Dag) ass säit 1990 vu 40 Prozent op just 10 Prozent zeréck gaangen. Grond dofir ass dass méi a méi Länner eng fräi Maartwirtschaft bedreiwen a Leit vum doraus resultéierten ekonomeschen Opschwong profitéieren. Fakt: Et geet Leit besser wéinst méi Fräiheet an der Ekonomie, net manner.

Vergläicht dat mat Plaze wéi Kuba oder Venezuela, wou Politiker ënnert dem Fändel vum Kampf géint Inegalitéit un d’Muecht komm sinn. Haut sinn do d’Inegalitéite just dowéinst méi kleng, well jidderee gläich aarm ass.

D’Ekonomie als Ënnerscheed zwëschen Aarm a Räich ze kucken ass nom schéinen Däitsche Wuert “Augenwischerei”. Et ass d’Rhetorik aus dem 19. Joerhonnert, mat där versicht gëtt Leit géinteneen opzebréngen, an déi vu Leit verfollegt gëtt déi just eegewëlleg politesch Zieler verfollegen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s