D’Steierparadäiser sinn nees do

Dëse Beitrag ass de Manuskript vu mengem Fräie Mikro, deen den 29. Juni um Radio 100,7 iwwerdroe gouf. Nolauschtere kann een den 100,7 Beitrag hei.

An der Politik gëtt eng gutt Mesure fir eraus ze fannen op äre Kandidat selwer der Meenung ass dass seng Chance gutt oder schlecht sti fir d’Wahlen ze gewannen. De gudde Kandidat dee Confiance huet wierkt resignéiert a staatsmännesch. De Kandidat de Schwieregkeeten huet an den Ëmfroe changéiert den Toun, attackéiert säi Konkurrent méi direkt, personaliséiert seng Wahlcampagne. An da gëtt et de Kandidat dee verzweiwelt probéiert nogelauschtert ze kréien. D’Taktik hei ass meeschtens net de politesche Konkurrent  ze kritiséieren, mee de Bléck op Auslänner oder, nach méi einfach, an d’Ausland ze riichten.

An engem Interview mat der Frankfurter Allgemeine Zeitung hat de SPD-Spëtzekandidat Martin Schulz gesot:

“Juncker ist tatsächlich ein feiner Kerl – mit Ausnahme dessen, dass er 19 Jahre Ministerpräsident eines Steuerparadieses war. Das habe ich ihm mehr als einmal um die Ohren gehauen.”

Eng Schulzesch Weltvue

De Problem ass net de Jean-Claude Juncker ze kritiséieren. Dofir ginn et, bei wäitem genuch Grënn. D’Verwende vum Wuert “Steierparadäis” weist just déi verdréite Perspektiv vum Sozialdemokrat. Fir Leit wéi de Martin Schulz finanzéiert de Staat d’Bierger, obwuel a Wierklechkeet d’Bierger de Staat finanzéieren. De Kanzlerkandidat huet kee Problem fir Steiere constamment ze erhéijen; a jo, an der Praxis heescht dat dass Leit zu Lëtzebuerg manner Steiere bezuele wéi zu Berlin. Mee kéint et a Wierklechkeet net sinn dass amplaz dass Lëtzebuerg ee Steierparadäis, Däitschland eng Steierhell ass?

Lëtzebuerg huet a Saache Steierofkommen an deene leschte Jore Fortschrëtter a Richtung Transparenz gemaach. Wie mengt dass Lëtzebuerger am finanzpoliteschen Eldorado liewen, dee soll emol Mëttelstänneger froe wéi tropesch si sech fille wann se kucke wéi vill Steieren se bezuelen. A wat Steieraccord’en mat gréisseren Entreprisen ugeet: De Grand-Duché huet sech net dofir ze entschëllegen dass mir eng raisonnabel Steierpolitik féieren déi net nom Franséische Modell dofir suergt dass Entreprisen déi Aarbechtsplaze kreéieren, d’Land verloossen.

Déi Rhetorik ass net nei

Den Trick vun der “Steuerparadies”-Rhetorik ass iwwregens net nei. Wéi Däitsch Politiker ëm 2008 vun de Problemer am eegene Land oflenke wollten, ass den deemolege Finanzminister a spéidere Kanzlerkandidat Peer Steinbrück och iwwer de Grand-Duché hiergefall: Hie wollt deemols Lëtzebuerg d’Kavallerie schécken. Säi Parteikolleg Franz Müntefering sot wuertwiertlech: “Früher hätte man dort Soldaten hingeschickt – aber das geht heute nicht mehr“.

Solch fuerchtbar Aussoe stinn den Däitsche Sozialdemokrate schlecht zu Gesiicht, besonnesch am Kontext vun der Vergaangenhheet vun eisen Noperen.

Verweiflungsakt

No aktuellen Ëmfroen ass dat wat vill Däitsch Journalisten am Ufank de “Schulz Effekt” genannt hate just waarm Loft: D’SPD läit bei 25%, während dem Angela Merkel seng Unioun momentan bei iwwer 40% läit.

Zum Thema: The Schulz Effect has failed to deliver – CapX

Wéi de Kandidat Schulz annoncéiert huet dass hie wéilt dee nächsten Däitsche Bundeskanzler ginn, war d’Euphorie bei der SPD grouss. E puer Méint méi spéit ass d’Positioun fir d’Sozialdemokrate kritesch: Hire Kandidat gëtt oft als ze haart, aggressiv an iwwerhieflech gesinn. Dës Arroganz op seng Noperen ze applizéiere mécht d’Saach sécher net besser.

Här Schulz, dir verstitt jo Lëtzebuergesch: Är Attacken hu keen Effekt, se bréngen iech keng Sympathien, a si representéieren net d’Realitéit. Dir wëllt jo esou ee groussen Europäer sinn. Fänkt emol domat un är Nopeschlänner ze kennen.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a comment