Mat deem neie Projet de loi 7030, dee viru kuerzem an der Chamber gestëmmt gouf, setzt d’Lëtzebuerger Parlament déi nei Anti-Tubak-Direktiv vun der Europäescher Unioun ëm. De Grand-Duché wäert domat, wéi och aner Länner elo schon, de Schwaarzmaart beräicheren.
Eng vun de Ausnamereegelungen déi bis elo zu Lëtzebuerg gegollt hunn war dass Mannerjäreger ab 16 Joer Tubak kafe konnten. Dës Reegelung war, wann ee bedenkt dass den Duerchschnëttsalter fir déi éischt Zigarett an der Praxis 13 Joer ass, méi realitéitsno wéi de Majoritéitsalter vun 18. Wie mat 16 eng Entreprise grënnen, Steiere bezuelen, d’Schoul verloossen an an d’Arméi goe kann, deen ass jo wuel och al genuch fir Decisiounen iwwert säin eegene Liewensstil ze huelen.
Mee gutt, d’Chamber ass der Meenung dass der allgemenger Gesondheet heimat een Déngscht geleescht gi wier, an d’Fondation Cancer ass secher groussaarteg begeeschtert iwwer déi nei Mesuren. Mee wat fir Konsequenze provozéiert dës Reegelung an der Praxis?
Am Februar dëst Joer hat TNS-Ilres nach eng Studie erausginn déi fonnt hat dass an der Altersgrupp 18-24 nees méi gefëmmt gëtt wéi virdrun, a gläichzäiteg sinn a grad där Kategorie och déi meeschte Fumeuren (26%). Dëse Marchéspotenzial ass gefonntent Friesse fir Zigarettefälscher déi um Schwaarzmaart vill méi bëlleg a virun allem un egal wie verkafen. Dem Dealer ass et egal op seng Clientèle 18, 16, oder 11 Joer al ass: Seng Wuer riskéiert him ëmmer déi selwecht Strof.
Am Mee nach hat d’Douane ee Mann mat iwwer 450 Staangen (4500 Päck, also 90 000 Zigaretten) erwëscht.

Solch Dealere multiplizéieren sech am Land wa mir net ophalen den Tubaksmarché ze iwwerreguléieren. An eisen Nopeschlänner Däitschland a Frankräich sinn elo schon 15% vum Marché Schwaarzmaartzigaretten, déi wäitaus méi schiedlech vir d’Gesondheet sinn an där aner kriminell Aktivitéiten, dorënner Terrorismus finanzéieren. Mat dësem neie Gesetz dreiwe mir den Dealeren déi 16-Järeg Consommateuren an d’Hänn.
Zum Sujet: Ongesond Virschrëften
Natierlech kënne mir elo nach weider Reegelen erfannen, an eis dann driwwer freeën dass am Zeitungsbuttek um Eck manner Tubak iwwer de Comptoir geet. Mee an der Praxis geet dëse Schoss no hanne lass: mir alimentéiere just eng Ënnergrond-Industrie déi sech bei Direktive wéi där do just d’Hänn reift.
Op dee Schock bräicht een direkt emol eng Zigarett.
Dësen Artikel gouf den 13/06/2017 Am Lëtzebuerger Journal verëffentlecht.
Thanks for liking and sharing!