Stoppt den Denkmalschutz!

D’Baureguléierungen a Saachen Denkmalschutz sinn an deene leschte Joerzéngte komplett aus dem Rudder gelaf. Et gëtt Zäit op d’Prinzipienidee zeréck ze kommen dass de Proprietaire soll dee sinn deen decidéiert wéi e baut oder renovéiert.

Den Denkmalschutz gehéiert zu deene Sujet’en vun deenen déi allgemeng Bevëlkerung ëss immens genuch huet, während an der Politik a besonnesch an der Administratioun monter esou gemaach gëtt wéi wann et eng inkontestéiert Prozedur wier. Sites&Monuments wëll historesch a kulturell Bauwierker konservéieren: Dat kléngt an éischter Hinsiicht no enger éierewäerter Idee, ass awer haut zu enger Envergure ausgeaart an där Leit an handelsüblechen Haiser (net an engem Palais) hier Fënsteren net méi ersetze kënnen.

D’Geschicht vun deenen zwee Haiser zu Heinerscheid, déi jeeweils aus dem Joer 1792 an 1852 stamen, ass dobäi am markantsten. De Proprietaire, deen d’Haiser ofrappe wëll fir do nei ze bauen, kritt dat mat verbueden, well “neie bezuelbare Wunnraum deem seng Renovatioun net ee Verméige kascht?”, do seet de Ministère Nee Merci. Vill besser ass et dach einfach Haiser ze hale bei deene keen erkenne ka wat fir een Alter se hunn an déi net vermësst géife ginn. Wien elo d’Hand ausstreckt a mengt hie géif dës Bauten awer sécher vermëssen deem ass waarm empfuelen seng eege Suen ze investéiere fir se opzekafen.

Ee bürokratescht Monster wéi Sites&Monuments opbaue just fir dass verschidde Leit am Grand-Duché sech gutt fille kënne wann si eemol d’Joer laanscht een Haus fuere wat hinne mol net gehéiert, ass een Zeeche vun enger typesch Lëtzebuergescher Iwwerhieflechkeet a politeschem Pragmatismus.

Et gëtt Zäit de Proprietairen, sief dat Promoteuren, Baueren deenen hir Bauerenhaiser an den Alter kommen oder Famillen déi een Haus geierft hunn net méi mat architekturaler Nostalgie ze belaaschten. Déi eenzeg Fro déi d’Politik sech zu Lëtzebuerg a Saache Logement stelle sollt ass: Wéi kënne mir et méi einfach maache fir am Grand-Duché Wunnunitéiten ze schafen? Alles aneres ass pure Luxus dat ee Land mat enger Haaptstad an där de Metercarré 6000€ kascht, sech net leeschte kann.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

  1. van dyck

    De Proprietairen hier Haiser stin ebeemol op enger Lescht an enger Zaitschreft iwert de Pag vun enger Gemeng.Dei Haiser sin elo op enger Lescht fier klasseiert ze gin oder schons sin.Who knows?Domm gang wann een dei Zaitschreft nett krut oder nett do war.Ass daat ewel dei nei Democratie?

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s