De Réckbléck vun der Woch [09/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei.

Déi Saach mam Vermummungsverbuet…

Ier op dës Woch zeréck kommen, nach eng kléng humoristesch Anekdot vum leschte Sonnden, wou um RTL de Kloertext zum Sujet Suicide gelaf ass. Zwou Dammen déi mat um Plateau ware wollten net erkannt ginn an haten sech vermummt:

screen-shot-2017-02-27-at-01-22-03

Also dir Dammen, wann d’Regierung d’Vermummungsverbuet bis duerch huet dann dierft dir esou awer leider net méi ze Fouss heem goen. Ee Kommentar konnt ech via Twitter leider kee vum Justizminister Braz kréien.

Den Etat d’urgence zu Lëtzebuerg

Um Méindeg ass een immens wichtegen Kommentar vum Pia Oppel op Radio 100,7 gelaf, an deem drop higewise gëtt wéieng rechtsstaatlech Risiken eng Verfassung beinhalt déi een Noutstandsparagraph zouléisst. D’Regierung denkt doriwwer no fir den Etat d’urgence zu Lëtzebuerg dozou ze gebrauche fir méi Opfaangstrukture fir Flüchtlinge kënnen ze schafen. Wann d’Exekutiv awer de Präzedenzfall setzt fir aus politescher Bequemlechkeet de Noutstandparagraph ze notzen, dann ass dat ee Risiko fir d’Fräiheete vun der Bierger. Sou schreift d’Pia Oppel nach:

“D’Exekutiv behält sech domadder d’Méiglechkeet fir op d’Terror-Menace mat enger eegener Attack op de Rechtsstaat ze reagéieren. Datt Politiker op d’Terror-Menace iwwerreagéieren, weisen déi nei Anti-Terrorbestëmmungen, déi vum grénge Justizminister Félix Braz kuerz no de Paräisser Attentater vun November 2015 proposéiert goufen.

Während dem État d’urgence géife sou Mesuren einfach a Form vun engem Reglement erlooss ginn. Dann ass keng Chamber méi gefrot, fir d’Opportuniteit an d’Formulatioun vun de Mesurë gutt ze heeschen. An dann ass kee Staatsrot méi do, see sech formell opposéiere kann.”

D’Suggestioun vun der 100,7-Journalistin ass domat déi einfach an déi richteg: Den Etat d’urgence aus der Verfassung sträichen!

Toleréiere jo. Mee encouragéieren?

En Dënschden seet de premier conseiller de gouvernement am Educatiounsministère, Lex Folscheid, dem Radio 100,7 dass Mataarbechter vum Ministère net ze fäerte brauchen ee parteipoliteschen Engagement ze hunn. Den Artikel deen d’lescht Woch am Lëtzebuerger Wort d’Méiglechkeet opbruecht hat dass den CSV-Member an héije Fonctionnaire am Bildungsministère Michel Lanners aus politesche Grënn Direkter am Hotelslycée zu Dikrech géing gi wier eng falsch Duerstellung. Bien au contraire, fiert de Lex Folscheid virun:

“Am Géigendeel, mir sti voll hannert hinnen an ënnerstëtzen si, wa si esou Engagementer aginn”.

Dass Fonctionnaire parteipolitesch Engagementer aginn ass jo eng Saach, mee dass se “encouragéiert” sinn ass jo wuel kaum dem Ministère säin Eescht. Si mer dann der éierlecher Iwwerzeegung dass et eng gutt Saach ass dass de Ministère eng gewësse Bildungspolitik verfollegt an héich Beamten der perséinlecher Meenung sinn dass dës Politik komplett falsch ass?

Den üblechen ADR-Tumult

D’Iwwerschrëft “kontroversen ADR-Member wéinst Facebook-Post vun der Partei ausgeschloss” kéint ee quasi all Joer eemol obligatoresch an all Zeitung printen. Dës kéier ass et d’politesch C-Prominenz Joe Thein, deen ee Kommentar op Facebook gelikt huet wou eng Persoun gemengt huet et misst een de Jean Asselborn mam decapotabelen duerch Dallas féieren, schreift d’Tageblatt um MëttwochDe Paperjam mellt um Donneschden dass d’ADR de 9. Mäerz doriwwer decidéiere wäert wat fir Konsequenzen dem Joe Thein dreeën, deen iwwregens eng immens kuriéis Erklärung ofginn huet.

Oder kuerz: De Joe Thein behaapt dass hie mat sengem Like dem Jean Asselborn eng schéi Vakanz an Amerika gewënscht hätt… Ech mengen eng Entschëllegung, wéi dann se dunn um Donneschde Mëtten op RTL ze héiere war, hätt der Saach vun Ufank un hei besser gedoen. Mee da wier et och net spannend!

D’SNCF fiert weiderhin net op Lëtzebuerg

Um Freideg mellt de Paperjam dass de Philippe Richert, President vum conseil régional du Grand Est, ee Bréif un d’SNCF geschéckt huet an deem hien duerno freet dass den Zuchservice a Richtung Lëtzebuerg nees opgeholl soll ginn. Nom Accident vum 14. Februar zwësche Beetebuerg an Zoufftgen hat d’Gewerkschaft vun de franséischen Zuchféierer decidéiert dass et “net sécher wier fir op Lëtzebuerg ze fueren”. Wat och e bësse gewonnert huet: Säit wéini brauch d’Gewerkschaft eng Excuse fir net schaffen ze kommen?

Op laang Dauer gëtt et, ausser enger privatiséierter Bunn déi Konkurrenz ausgesat ass, leider keng Léisung fir d’SNCF (déi iwwregens 7 mol souvill Schold huet fir de Lëtzebuergeschen Zentralstaat) an hier Mataarbechter déi vum schaffe goen net besonnesch begeeschtert sinn. D’Zäit ass do dass d’Passagéier sech Alternativen zum staatlechen Transport sichen: Dorënner car-pool Optioune wéi BlaBlaCar oder Busservicer wéi Flixbus, déi méi komfortabel a bëlleg op d’Destinatioun kommen.

Moody’s behält den Triple-A Rating fir Lëtzebuerg bäi

Um Samschden huet d’Rating-Agence Moody’s dann annoncéiert dass Lëtzebuerg den immens wäertvollen Triple-A Rating vun de Staatsfinanze behält. De Grand-Duché bleift domat ee vun deene wéinege Länner déi nach esou ee Rating hunn. Dëst weist de konstante Besoin dass d’Regierung d’Depense erofsetzt fir d’Land méi attraktiv ze maachen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s