De Réckbléck vun der Woch [07/2017]

Heiansdo si Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen. Dofir hei fir déi éischte kéier mäi Réckbléck vun der Woch:

Lëtzebuerger Riichteren si net frou mat Ministeren déi zwitscheren

E Méinden schreift den RTL dass de Groupements des magistrats luxembourgeois een oppene Bréif verëffentlecht huet an deem e sech schockéiert weist dass d’Familljeministesch Corinne Cahen an den Educatiounsminister Claude Meisch op Facebook an Twitter d’Decisioun vum Geriicht kritiséiert hunn fir déi Beschëllegt Proffen an der Affaire SchoolLeaks fräizespriechen. Et ass eng opfälleg reaktionär Äntwert vun de Riichteren, déi maache wéi wann de Regierung grad d’Verfassung opgeléist hätt. Sou heescht et am Schreiwes:

“[…] il s’agit là d’une violation intolérable de la séparation des pouvoirs et d’une immixtion dans les prérogatives du pouvoir judiciaire.

Le GML se doit d’exprimer son inquiétude face à un tel comportement qui porte atteinte aux principes mêmes du jeu démocratique.”

Ech soen de contraire: An enger gesonder Demokratie kënnen Regierung a Geriicht et erdroen sech géigesäiteg ze kritiséieren. Et ass jo net esou wéi wann de Fräisproch och eng direkt Kritik un der Opfaassung vun der Regierung war. Huele mer d’Beispill vun eisen englesche Frënn, bei deenen d’Brexit-Decisioun vum Supreme Court hefteg vun der Press, Parlamentarier a Membere vun der Regierung kritiséiert gouf.

D’Aufgab vun engem Riichter ass et d’Gesetz ze interpretéieren, an dorun dierf och vu politescher Säit geüübt ginn. Wien et nämlech normal fënnt dass Proffen, déi wichteg Informatiounen déi se sollte geheim halen erausginn hunn, fräigesprach ginn, fir dee sollten sech e puer Froe stellen. Oder anescht: stelle mer eis einfach emol fir dat hei wier am Privatsecteur geschitt…

De “Spellschlecker” geet bei d’ADR

Bekannt fir seng Petitioun fir d’Lëtzebuerger Sprooch déi immens fir Succès hat, a virun allem duerch seng Aart a Weis fir aus dem schwéieren englesche Wuert “Spellchecker” ganz elegant “Spellschlecker” ze maachen, steet am Tageblatt um Dënschden dass de Lucien Welter elo der ADR bäigetrueden ass. Fir déi déi sech net ganz erënneren: Dat sinn déi mat der politescher Prioritéit fir déi Lëtzebuergesch Nimm vun den Uertschaften op de Stroosseschëlter uewen amplaz ënnen ze schreiwen.

Den Inhalt vun dem Lucien Welter senger Petitioun hat ech am September a mengem Artikel “En Lëtzebuergesch s’il-vous plaît” schonn analyséiert. Op alle Fall dem Lucien Welter wëllkomm am politesche Prozess, wou een sech muss dru winne fir seng Meenunge kritiséiert ze ginn.

Domm sinn bleift illegal

Um Mëttwoch war de Lëtzebuerger Auteur Bert Hoscheit viru Geriicht, deen (opmannst op sengem Internet-Site) ugëtt Theologie studéiert ze hunn, an deem seng Artikel-Recommandatiounen eng relativ kuriéis Weltvue presentéieren. A sengem Buch “Seit wann fahren Sklaven Autos?” steet dem Tageblatt no wuertwiertlech:

“Abgeschnittene Haare (wegen der Läuse), Haufen an Schuhen und Kleidern (die Gefangenen bekamen Uniformen), Haufen an leeren “Zyklon B”-Kanister (zur Desinfektion), Fotos von mageren Gefangenen (die an Typhus litten). Alles Elemente, die uns erschaudern lassen und unser Mitgefühl wecken. Dies alles sind keine Beweise einer Massenvernichtung durch Gaskammern.”

Alles zimlech an enger Linn mat de Verschwörungstheorien déi de Mann verbreet. An u Verschwörungtheorien ass och grondsätzlech näischt schlecht, wann de Mann der Meenung ass dass d’Weltgeschéie vun den Illuminati kontrolléiert gëtt dann ass dat legitim wann hie seng Beweiser presentéiert, mee beim Holocaust schwätze mer vun deem am beschten historesch dokumentéierten Ereegnis an der Mënschheetsgeschicht.

Wien den Holocaust leugnet diskreditéiert sech selwer. Wien dat wat de Mann seet schrecklech fënnt huet Recht, an awer soll hien et soe kënne well eng Meenung net sollte bestrooft ginn. Meenungspluralitéit heescht dass eng Idee sech um fräie Marché vun den Ideeë muss duerchsetzen.

Déi zwee Joer Prisong déi dem Mann elo dreeën, inwéifern änneren déi iergendeppes? Wann iwwerhaapt sëtzt de Mann zwee Joer laang mat Klengkriminelle, Schmuggler, Mäerder an dësgläichen zesummen, déi mat esou Theorië wäitaus méi kënnen ufänke wéi dir an ech. Dozou kënnt dass duerch dës Nouvelle vill méi Leit op säin Internetsite a säi Buch opmierksam gi sinn.

Wie mengt dass der Leit just 24 Méint an eng Zell setze musst fir dass se hier Meenung änneren, da wësst der net wéi Ideeë funktionéieren.

En Zuchakzident dat souguer d’SNCF verschreckt huet

Wie schonn e puer mol op der Zuchstreck Lëtzebuerg-Thionville-Metz-Nanzeg gefuer ass dee weess wat fir eng dysfunktionnell infrastrukturell Ariichtung eis franséisch Kollege just iwwert der Grenz fleegen. All gudde Moment ass d’Streck fir bis zu 12 Stonne gespaart well ee Catenaire defekt ass.

En vue vun dësen Tatsaachen ass et humorvoll dass en Donneschden am Lëtzebuerger Wort steet:

“Die französischen Lokführer fahren bis auf weiteres nicht mehr auf Luxemburger Gebiet. Dies betreffe sowohl die bis Sonntag gesperrte Strecke Bettemburg-Thionville als auch die freie Strecke Longwy-Petingen-Luxemburg, hieß es aus französischen Gewerkschaftskreisen. Diese Entscheidung habe die Direction SNCF Grand Est aus Sicherheitsgründen getroffen.”

Dir wësst dass se wierklech keng Loscht hunn ze schaffe wann se schonn an d’Ausland siche gi fir Grënn ze fanne fir net ze fueren. Dausende vun hire Matbierger déi mussen op Lëtzebuerg komme fir hiert Brout ze verdéngen, wien interesséiert déi schonn, geldier?

Weider ënnen am Artikel steet dass d’SNCF sech beschwéiert dass d’Lëtzebuerger oft d’Stopp-Schëlter net respektéieren. All Respekt un eis CFL: Wann ee Fransous iech seet dir musst emol d’Circulatiounsreegele besser respektéieren, da musst der wierklech fuere wéi eng S… Enfin, dir verstitt mech.

Kanadeschen Ambassadeur mat Optimismus fir CETA

Um Samschden ass de Paperjam sou ongeféier deen eenzegen deen e bëssen Optimismus géigeniwwer dem CETA-Accord opweises huet. Mam kanadeschen Ambassadeur hunn si iwwer déi méiglech Avantagë vum Fräihandelsaccord mat Kanada diskutéiert. Erfrëschend war virun allem ze gesinn dass de kanadeschen Diplomat och offen zouginn huet keng genau Angabe maachen ze kënnen iwwer wat genau duerch den Accord un Avantagë fir Lëtzebuerg erakënnt, mee dass all Mouvement a Riichtung Fräihandel gutt ass:

«Je n’ai pas d’exemples concrets pour le moment, mais au Canada, il a été très bien démontré que les emplois liés aux exportations sont des emplois de qualité bien rémunérés. C’est dans ce sens que nous croyons que le Ceta va bénéficier à la classe moyenne.»

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s