Wéi de François Bausch d’Stater Transportwiesen Revolutionéiere Kann

Säit dem éischte September ass zu Lëtzebuerg d’Taxireform a Kraaft, duerch déi d’Regierung d’Unzuel un Taxilizenze vergréissert huet an der Clientèle d’Méiglechkeet gëtt hiren Auto selwer ze wielen. Wann de François Bausch allerdéngs ee richtege Changement an der lëtzebuerger Aarbechtswelt an am Transportwiese maache wëll, da muss hien sech aktiv Gesetzesännerunge staark maachen déi Entreprise wéi Uber motivéieren hei am Land ze funktionéieren.

Wann een emol éierlech ass ginn et Leit déi zu Lëtzebuerg ze beneide sinn. Wann eng Organisatioun am Land dat richteg gutt demonstréiert, dann ass dat d’lëtzebuerger Taxilobby, déi sech duerch kontinuéierlech Gesetzgebung am Secteur eng gëllen Nues verdéngt huet. Eng Taxifahrt zu Lëtzebuerg ass an der Moyenne iwwer 20€ fir 5 Kilometer, domat si mir am internationale Klassement als 100.000 Awunner-Stad viru München, Los Angeles, Mailand, Stockholm oder Genf. Als déi drëtt-deierst Taxi-Stad vun der Welt si just nach Zürech an Oslo virun eis. Och haut schéngt d’lëtzebuerger Politik wéineg dorun interesséiert dëse Problem ze léisen: d’Multiplikatioun vun den Taxilizenzen eng keng laangfristeg Alternativ.

pexels-photo

De François Bausch als Transportminister muss sech de Konsequenze vun dëser Präissituatioun bewosst ginn: eng Stad déi et engem net erméiglecht fir e faire Präiss doduerch ze fueren, besonnesch an der Nuecht wann d’Regularitéit vum ëffentlechen Transport noléisst, ass manner attraktiv fir d’Ausland a schaaft méi Situatiounen an deene jonk Fuerer den Auto huelen obwuel se gedronk hunn.

Uber ass haut eng 213 Milliounen US-Dollar Entreprise, déi all Dag a Stied Millioune vu Leit, ganz oft dovu Jonker transportéiert. Hier Mataarbechter kommen am Frankräich oft aus vernoléissegte Milieu’en: vill Jonker sinn duerch een Job als Uber-Chauffer vum Stroossendealer zum gutt gekleete Mataarbechter vun enger renomméierter Entreprise ginn. Och zu Lëtzebuerg kënne mir esou Jonken, deenen eis Ekonomie am Moment näischt bidde kann, zu enger Zukunft verhëllefen.

Momentan kënne Chauffer’s-Lokatiounen (wat Uber mécht) net ënnert enger Stonn genotzt ginn, wat solch Servicer onméiglech mécht. Dofir ass den Optrag vu de Jonken zu Lëtzebuerg souwéi vun deenen déi dem Monopol vun den Taxilobbyisten net méi nokucke kënne kloer: Här Bausch, mat deene richtege Gesetzer kënnt dir d’Stater Transportwiese revolutionéieren!


Dësen Artikel gouf den 06/12/2016 am Lëtzebuerger Journal verëffentlecht.

Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s