Dëse Beitrag ass de Script vu mengem Fräie Mikro, deen den 28. Februar um Radio 100,7 iwwerdroe gouf. Nolauschtere kann een den 100,7 Beitrag hei.
Wéi de François Bausch d’Stater Transportwiesen Revolutionéiere Kann
Säit dem éischte September ass zu Lëtzebuerg d’Taxireform a Kraaft, duerch déi d’Regierung d’Unzuel un Taxilizenze vergréissert huet an der Clientèle d’Méiglechkeet gëtt hiren Auto selwer ze wielen. Wann de François Bausch allerdéngs ee richtege Changement an der lëtzebuerger Aarbechtswelt an am Transportwiese maache wëll, da muss hien sech aktiv Gesetzesännerunge staark maachen déi Entreprise wéi […]