[Reportage] Charles Goerens: Europa hätt sech sollen u chinesescher Seidestrooss bedeelegen

Dëse Reportage ass fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, a gouf de 6. Februar iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

China ass mat hirer Initiativ vun enger Seidestrooss am Gaang, am grousse Stil Infrastrukturprojeten opzebauen, och an Europa an an Afrika.

Viru 7 Joer huet China hir sougenannte “Belt-and-road”-Initiativ gestart, déi eng Connectioun iwwer Land vu China duerch de Kaukasus, Russland, de Balkan an duerch Osteuropa kreéiert, an eng maritim Strooss duerch den Indeschen Ozean iwwer de Mëttleren Osten, souwéi och eng duerch de Sueskanal iwwer Ostafrika bis an d’Mëttelmier. An der Zesummenaarbecht mat Entwécklungslänner këmmert China sech ëm d’Geschäft. D’Mënscherechter bleiwen dobäi op der Säit.

De Lëtzebuerger Europadeputéierte Charles Goerens seet, dass d’EU am Géigesaz bei hirer Aarbecht Valeuren exportéiert, déi net nëmmen europäesch Valeure wieren, mä och internationaler.

Den DP-Politiker erkläert, dass wann et zou grousse Verstéiss géint d’Mënscherechter kéim, d’EU Sanktioune kann ergräifen.

D’Infrastrukturprojete vu China géif dës Diktatur méi no un Entwécklungslänner bréngen. Och dofir hätt d’EU vun Ufank un aner Choixe missen treffen, a bei der Seidestrooss matmaachen.

China wier haut bei villen Technologien méi wäit fortgeschratt wéi Europa, a genee dorop misst ee reagéieren.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s