Dëse Beitrag gouf ni iwwerdroen.
Israel ass net e Land an dat een erakënnt ouni dass ee virdrun schon eng ongeféier Meenung zu der Situatioun huet. Wiem ech gesot hunn dass ech an d’Westjordanland ginn, huet mech gefrot ob ech dann ee Bodyguard dobäi hätt, an op ech meng Kugelsécher Vest géing apaaken. Donieft krut ech erkläert dass Israel een Staat ass, deen Apartheid bedreift. Judden, Araber a Crëschte géing net friddlech matenee liewen.
Wien dës Vue huet, gëtt sech menger Meenung no enger Illusioun hinn. An den ëmstriddene Siedlungen schaffe Israelis an Palestinenser a Fridden zesummen. Si fueren op deene selweschte Stroossen, a sinn d’selwescht rosen iwwer d’Boycott-Aktiounen déi aus Europa kommen. Am Parlament sëtzen Arabesch Parteien.
Israel ass sans-doute een Héichsécherheetsstaat. Sécherheets-checkpoints, Präsenz vun der Arméi, reegelméisseg de Pass weisen. Mee och dat kënnt vun iergendwou hier. D’Palestinensesch Autoritéiten sinn een Hindernis fir de Fridden, andeems se andauernd Attackë lancéieren. Ee Palestinenser erkläert mir dass hie keen Terrain dierf u Judde verkafen, well dorop an de Palestinenseschen Autoritéiten d’Doudesstrof steet.
Israel ass déi fräiheetlech Alternativ an der Regioun. Et kann een an enger homosexueller Koppel sinn, ouni ëm säi Liewen fäerten ze mussen. Et kann ee seng Relioun wiesselen oder keng Relioun hunn, ouni ze riskéieren Affer vu sengem eegene Staat ze ginn. Et kann een d’Regierung kritiséieren, ouni Angscht ze hunn am Prisong ze landen. Dës Saachen sinn an deene meeschte Staaten an der Regioun ondenkbar. An de palestinenesche Gebidder sinn se allen dräi geféierlech, oder einfach riicht eraus verbueden.
Huet Israel Schwächten? Jo, an där genuch. Mee et akzeptéiert als Staat verschidde Wäerter, mat deene mir an Europa eis eremfannen sollten, wa net missten.
Et ass gutt wa mir eis méi oft un dës Wäerter erënneren, an déi déi se hunn, ënnerstëtzen.