[Reportage] Eng kéier zesumme Hummus iessen

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass den 2. November iwwerdroe ginn. Source.

Vun de Golan-Héichten, déi Israel annexéiert huet, gesäit een eriwwer a Syrien, dat zënter 8 Joren ee battere Biergerkrich erlieft.

Opgepasst, Liewensgefor” steet op engem Schëld, dat schif am Buedem steet. Um Hiwwel ass ee sécher, mee wie d’Strooss eroftrëppelt, dee kann d’Affer vun engem Scharfschütze ginn. De Captain Yaakov Selavan vum israelesche Militär erkläert, dass een ni genee weess, wat fir ee Scharfschütze et iwwerhaapt wier: sief et ee vum syresche Militär, Al-Quaeda, Al-Nusra, oder vum IS.

Wéi et a Syrien ugaangen ass, sote mir, genee esou wéi anerer am Westen: Super, den Assad ass een Diktator, an e gëtt elo vun deene jonken, relativ liberale Rebellen ersat. Mee am Mäerz 2013 gi mer moies wakereg, an amplaz vun engem syresche Fändel, hänkt een Fändel vun Al-Quaeda op där anerer Säit.

Déi israelesch Grenz hätt elo ee Sammelsurium u radikale Noperen. All 2 Kilometer eng aner Grupp, mat aneren radikalen Ziler. De syresche Biergerkrich hätt d’Situatioun fir d’israelesch Autoritéiten immens komplizéiert gemaach.

Den Assad representéiert eise Feind, mee hien huet d’Grenz 4 Joerzéngte laang roueg gehalen. Hie war responsabel, ech hat eng Adress op där anerer Säit: Een Ausseminister, ee Sécherheetsminister, eng Arméi. Wat da geschitt: Zwou Gruppe bekämpfe sech, an an dann abee mol, eng Rakéit schléit an eng israelesch Spillschoul an. Gottsäidank ass et ee Weekend, an et geschitt kengem eppes. Wien ass responsabel? Ok, et ass Al-Quaeda. Wien ass Al-Quaeda, kann ech do mam Ausseminister schwätzen? Deen Typ, deen d’Duerf hei niewendru kontrolléiert, ass ee Fundamentalist, dee knapps 22 Joer al ass.

Dofir géing vill op humanitär Hëllef gesat ginn, och wann et schwéier wier, fir Hygiène-Produkter an Iesswueren iwwert dës immens geféierlech Grenz ze bréngen D’Endzil wier de Fridden a fir iergendwann zu Damaskus zesummen Hummus z’iessen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s