[Reportage] Israelesch medizinesch Hëllefsaktioun un der syrescher Grenz

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass den 1. November iwwerdroe ginn.

An Israel mussen Dokteren op reegelméisseger Basis décidéieren ob si Verletzte Flüchtlinge, Kanner, an och Zaldoten, medizinesch Versuergung gëtt oder net. Dem selbsternannten Äerzfeind d’Hand ausstrecken, dat ass net fir jiddereen einfach.

Den Dokter Salman Zarka ass den Direkter vum Ziv Medical Center zu Safed an Israel, ongeféier 100 Kilometer vun der syrescher Grenz am Golan. Hien erënnert sech drun wéi am Februar 2013, 7 blesséiert Syrer iwwer déi israelesch Grenz komm sinn.

Mir hunn eng laang Grenz tëscht Israel a Syrien an de Golan Héichten. Do stinn Zaldoten fir all Iwwerschreide vun der Grenz ze verhënneren. Dir musst awer verstoen, déi Leit si verwonnt a brauche medizinesch Hëllef. Dofir gouf de Batallionsdokter geruff, deen décidéiert huet se all an eist Spidol ze bréngen, hei a Nordisrael, fir hiert Liewen ze retten.

No 10 Deeg wieren all déi Leit geheelt gewiescht a goufen a Syrien zréck geschéckt. No internationalen Traité’en gëtt et keng Obligatioun fir d’Grenzen fir Verwonnter op ze maachen, mee fir den Dokter Zarka wier et eng Saach vun senger Obligatioun als Dokter gewiescht. 

Mir hunn hei een Dilemma an eng Debatt, well Israel a Syrien si geschwuere Feinden. Wann der un är Feinden denkt, dann ass et net esou dass dir zu deem Zäitpunkt fillt wéi wann et richteg wier fir hiert Liewen ze retten.

An awer géing Israel sech weider fir déi Blesséiert asetzen. Déi meescht kéimen an d’Spidol a géinge kengem trauen, well hinnen Horrorgeschichte vun de Judden erzielt gouf. Den Doktor Zarka seet dass et dës Patiente géing wonneren dass hien, dee selwer Araber ass, Direker vun engem Spidol an Israel wier.

Anzwëschend ass et kaum nach méiglech dass Syrer iwwer d’Grenz kéimen, well den Assad-Regime se dorun hënnert.

Ech hoffe wierklech dass et menge fréiere Patiente besser geet. Vill vun hinne hu gemengt dass mir méi mënschlech sinn wéi den Assad-Regime. Ech hoffen si denken iwwer d’Israelis no, an dass mir eis an der Zukunft kënnen erem gesinn.

Als fréieren Zaldot, an haut Direkter vun engem Spidol wier et him ëmmer drëms gaange fir Mënschen ze hëllefen, egal vu wou se kommen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

2 Responses

  1. Bernard Gottlieb

    ganz interessanten Bäitrag. Just e Kommentar: et misst Israeli heeschen an net Israelite. Israeli ass op Franséisch Israélien, also Bierger vum Staat Israel, onofhängeg vun der Relioun. Israelite ass e Synonym fir Judd (wéi bei Consistoire israélite du Luxembourg).

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s