Dëse Tëscheruff gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass den 11. Oktober iwwerdroe ginn.
Bis elo steet et just am Gesetz: Fraen a Männer solle fir déi selwescht Aarbecht d’selwescht bezuelt ginn. Pabeier ass wéi gewinnt gedëlleg, dofir wëll de Nicolas Schmit zu Bréissel aktiv ginn. Wann d’Enterprisen d’Salairen déclaréieren géifen, da wéisst een emol wou d’Divergenze opkomme géingen, sou de future Commissaire.
Wat heescht dat am Beispill? Soe mer dir sitt eng Fra, an dir kritt an der Paie bäi, nodeems der laang un ärem Patron geseet hutt. Eng Augmentatioun géing allerdéngs heeschen dass dir elo méi kritt wéi d’Männer an ärem Service, dofir kann de Patron et sech just leeschten iech méi ze ginn, wa jiddereen am Service déi selwescht Augmentatioun kritt. Dat mëscht et just méi wahrscheinlech dass iwwerhaapt keen eppes bäi kritt, well et mat den Incertituden um Marché am Moment net wierklech ee Luxus vun all Entrepreneur ass fir spendabel ze ginn.
Elo kann ee soen dass et keng schlecht Idee ass dass d’Paië genee déi selwescht sinn. Et krééiert kee Näid wa Leit mat der selweschter Aarbechtserfahrung an Qualifikatioun och d’selwescht bezuelt ginn.
D’Realitéit vu Mënschen ass awer eng aner. Beim ING Marathon ka net jidderee éischte ginn, mee de Fait dass verschidde Leit besser Zäite laafen, motivéiert déi hannen am Feld fir méi ze trainéieren. Wettbewerb ass gutt fir Mënschen: Et mëscht eis méi gewetzt, motivéiert, an innovativ.
Sexismus huet ob der Aarbecht näischt verluer. Dovun ausgoen dass all Ennerscheed an der Paie mat Sexismus ze dinn huet, ass awer genee esou falsch.