Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 9. Januar ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op www.rtl.lu nogelauschtert ginn. (www.wirtzbill.com)
Sollen Länner aus dem Balkan, dorënner Serbien, Montenegro, de Kosovo, oder Albanien Member vun der Europäescher Unioun ginn? Den DP-Europadeputéierten Charles Goerens seet kloer nee.
D’Europäesch Unioun ass zu all Moment an deene sougenannten Accessiounsnegotiatiounen. Dat heescht dass Kandidatelänner virweisen op si prett sinn fir an d’EU ze kommen, woufier si och Gelder vu Bréissel kréien. Serbien ass dat Land am Balkan wat am meeschte vun esou Fongen profitéiert, mat 200 Milliounen Euro pro Joer. An der Legislaturperiod vun deene leschte fënnef Joer gouf ëmmer nees vu politescher Säit vun der Kommissioun gemengt dass ee misste Progrès maachen fir nei Balkanlänner opzehuelen. Am Moment sinn an dësem Deel vun Europa just Kroatien, Rumänien, Bulgarien a Griechenland Member.
De Lëtzebuerger Europadeputéierten Charles Goerens mengt dass een d’Saach misst lues ugoen. Dës Länner wieren a Saache Rechtstaatlechkeet nach net prett. Och op wirtschaftlechem Plang wieren d’Hausaufgaben vu Länner wéi Mazedonien, Albanien, oder Serbien nach net gemaach. De Problem wier dass verschidde Staaten d’Reegele respektéieren dee Moment wou se Member ginn, mee dass duerno dee richtegen Sanktiounsmechanismus géing feelen fir dass se sech och weider drun halen. Den DP-Politiker ass dofir kategoresch dass et zu kengen neie Bäitrëtter soll kommen.
Déi Lëtzebuergesch Regierung misst dofir eng Koalitioun am Europäesche Conseil fannen déi nei Memberschaften géif blockéieren. Am Nachinein géing een zum Beispill feststellen dass d’Opnahm vu Rumänien a Bulgarien net reibungslos géing lafen. Aner Balkan-Länner kéinte och mat der EU kooperéieren ouni direkt Member ze ginn.
—
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!