[REPORTAGE] Fraen déi Bréissel influencéieren: Mady Delvaux op Plaz 7

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 23. November ausgestraalt ginn.

Den EU-Nooriichte Magazin Politico huet an hierer Ranglëscht vun den aflossräichste Fraen ënnert anerem déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Mady Delvaux genannt. Politico huet an hirer Ranglëscht, déi weise soll wien am meeschten Afloss an der Europäescher Unioun huet, déi sougenannten “Tech MEP gang” op Plaz 7 gesat. Dee Grupp vu Fraen sinn Europaparlamentarier déi besonnesch op Sujet’en vun Digitalpolitik aktiv sinn.

Firwat et esouvill Fraen sinn déi op deenen Dossier’en schaffen ka sech d’LSAP-Politikerin net erkläeren, well de Sujet an der Industrie dach awer immens männerdominéiert wier.

D’Mady Delvaux hat am Europaparlament de Rapport iwwer Robotik a kënschtlech Intelligenz geschriwwen, an hat zënterhir vill Opmierksamkeet mat deem Sujet erreegt. Op et hëllefräich wier erauszesträichen dass si eng Fra wier, déi op esou engem dach, opmannst um techneschen Deel, männerdominéierten Dossier schafft, do huet si eng gedeelte Meenung. Op där enger Sit misst et normal sinn dass Männer a Fraen am Digitalberäich aktiv wieren, mee op där anerer Säit géif et och hëllefen fir Fraen ze weisen dass ee sech hei engagéiere kéint.

Op déi éischte Plaz hat Politico “déi onsichtbar Präsidentin” gesat, mat deem de Magazin sarkastesch drop hiweise wëll dass d’Europäesch Kommissioun nach ni eng Fra als Chef hat. Dat wäert sech, wann ee sech déi aktuell Nominatiounen ukuckt, och 2019 net änneren.

Wat d’Mady Delvaux sech allerdéngs vun der nächster Kommissioun erwaard ass dass se op dem Sujet Robotik endlech emol viru kënnt. Bis elo wier net vill geschitt.

Et wier also deemno un der neier Kommissioun fir eenheetlech EU-Reegelen an der Robotik an der kënschtlecher Intelligenz ze fannen.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s