[REPORTAGE] Wat ass den “Digital Single Market”?

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 31. Oktober ausgestraalt ginn.

Eng konstant Diskussioun an der Europäescher Unioun ass de sougenannten “Digital Single Market”, also den digitale Bannemaart vun der EU. Em wat genau geet et hei?

Op all Konferenz déi zum “Digital Single Market” zu Bréissel stattfënnt gëtt am Ufank ëmmer dat selwescht gesot: Et misst usech net een digitale Bannemaart sinn, mee ganz einfach just ee Bannemaart. Mais vu que dass mer an allen Domainer nach wäit ewech vun enger kompletter Kohärenz an der EU sinn, gëtt Stéck fir Stéck gekuckt wéi een d’Unioun méi unenee bréngt.

Ganz grondsätzlech geet et drëms fir EU-Membersstaaten net nëmmen op dee selweschten, mee och op ee méi héije Stand ze bréngen. De Politikanalyst Philipp Lamprecht vun ECIPE – dem European Center for International Political Economy – ee Think Tank zu Bréissel, seet dass eng ganz Rei Conditioune missten erfëllt ginn: D’Infrastruktur misst verbessert ginn, fir dass méi séieren Internet proposéiert kéint ginn.

Et géif awer net nëmmen un der Infrastruktur leien. Och bei der Ausbildung misst opgerëscht ginn, fir Ëmschoulméiglechkeeten ze bidden, well vill Aarbechtsplazen an Zukunft géinge verschwannen.

An der EU ginn et déi sougenannt D9 Länner, also déi déi am wäitsten sinn technologesch. Lëtzebuerg ass och dorënner. Länner an Zentral- an Osteuropa wieren awer vill ze oft hannendrann, och well si oft de Notze net géingen agesinn. Lëtzebuerg hätt awer immens vun sengen Investissementer an d’digital Economie profitéiert.

Eng Synergie misst elo an der EU krééiert ginn, sou de Philipp Lamprecht. Hie gëtt d’Beispill vu Netflix, deen hiere Contenu net an all Memberstaat d’selwescht disponibel sinn, och wann een dofir bezuelt huet.

Et misst een awer oppassen dass um Enn vum Dag net iwwerreguléiert géing ginn. D’Fortschrëtter vun der Kommissioun Juncker wieren an dëser Hinsicht nach kleng, obwuel de Jean-Claude Juncker mat dësem Sujet souguer Campagne gemaach hat, mat klassescher a moderner Musek fir ze weisen dass d’Transitioun do ass. “You don’t have to be a techie to believe in technologie” – “Et muss ee keen Technikgeck sinn fir un Technologie ze gleewen”, sou sot de häitegen Kommissiounepräsident deemols.

Elo bleift ze gesinn wat fir Prioritéiten déi nächst Kommissioun um digitale Maart wäert hunn.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s