Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 20. Oktober ausgestraalt ginn.
Um Mëttwoch hat d’Europäescht Parlament, zesumme mam Europäeschen Dagverband vun de Think Tank’en ee Nomëtteg fir iwwer Innovatioun an der Entwécklungshëllef ze diskutéieren. Dem Bill Gates seng Präsenz – och wann hie just eng begrenzt Zäit do war – hat fir vill Opmierksamkeet fir dës Konferenz gesuergt.
De Lëtzebuerger Europadeputéierten Frank Engel hat och selwer eng Entrevue mam Multimilliardär Gates, a seet sech zefridden iwwer d’Conclusiounen. D’Entwécklungshëllef géif iwwerschafft ginn, an et misst een ophalen einfach just ze verdeelen. Vill éischter misste Suen fir Strukturreformen benotzt ginn.
Kritik kënnt awer vun der Säit vu verschiddenen ONG’en am Beräich vun der Entwécklungshëllef, déi soen dass d’EU net genuch um spezifesche Sujet vun der Bekämpfung vun der Aarmut géing maachen. De Frank Engel seet dozou dass “Aarmutsbekämpfung” just eng eidel Floskel wier.
De Frank Engel seet dass Philanthropen hir Plaz an dësem Prozess hätten. A verschiddenen afrikanesche Länner géifen Dieren opgoen wa Männer wéi de Bill Gates dru bedeelegt wieren.
De Frank Engel an de Charles Goerens si Co-Rapporteuren fir d’Reform vun der Entwécklungshëllef vun der Europäescher Unioun. Bis de Budget 2021-2027 a Kraaft trëtt, mussen all d’Onstëmmegkeete geléist sinn.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!