Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 26. September ausgestraalt ginn.
Den Deal deen d’Theresa May virgeschloen hat fir den Divorce mat der Europäescher Unioun ze organiséieren, de sougenannten « Chequers » Deal, gouf zu Bréissel net gutt empfaangen. Gläichzäiteg schéngt et awer net esou wéi wann eng Contrepropose vun der EU géif kommen, wat dozou féiert dass d’Verhandlungen an eng Impasse gerode sinn. Fir eng Grenz a Nordirland ze vermeiden huet d’EU virgeschloen fir Nordirland am marché commun ze behalen, an de rescht vu Groussbritannien net. Groussbritannie mecht awer kloer dass dat fir se net akzeptabel ass.
De Pieter Cleppe vum britischen Reform-Think Tank Open Europe seet dass zu Bréissel kee richteg verstaanen hätt wéi sensibel déi Propose wierklech war, an awéifern de Briten hei op de Fouss getrëppelt gouf. Groussbritannien géif net akzeptéieren fir hiert Land opzedeelen.
80% vum Deal wieren usech scho fäerdeg, sou de Pieter Cleppe. De Ball géif elo bei der Republik Irland leien, déi muss décidéieren wéi een Accord si well, an op si et zu enger Grenz mat Groussbritannie komme loosse wëll. Eppes wier secher : Ee No-Deal kéint schwéier economesch Schwieregkeete mat sech bréngen, an ass dofir onwahrscheinlech. Keen Deal kéint an den EU27-Länner bis zu eng Millioun Aarbechtsloser schaafen, sou den Internationale Währungsfong.
Och no eventuelle Neiwahlen zu Westminster wier net garantéiert dass sech eppes ännere géing, well de sozialistesche Leader Jeremy Corbyn och selwer kee Frënd vun der Europäescher Unioun ass.
De 29. Mäerz 2019 verléisst Groussbritannien offiziell d’EU. Dat heescht dass dat britescht Parlament bis Mëtt Januar sech décidéiere muss, wou de Wee higeet.