[REPORTAGE] Charles Goerens iwwer Malaria: “Mat méi Budget kéinte mer ville Leit hëllefen”

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 5. Mee ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.

[Radio USO] : D’Infektiounskrankheet Malaria ass säit Joeren ee Problem a villen afrikanesche Länner. D’Europäesch Unioun well hiere Beitrag leeschten fir d’Krankheet ze bekämpfen, mee Europadeputéiert, dorënner de Charles Goerens, soen dass d’EU net wait genuch geet. De Bill Wirtz huet d’Detailer.

Am Ufank vun dësem Joerhonnert huet d’international Communautéit décidéiert fir d’Kris vum Malaria unzepaken. Zënterhir goufen och Resultater erreecht: 7 Millioune Mënsche konnte viru der Krankheet gerett ginn, an zënter 2010 hunn 11 Länner Malaria komplett ausgeläscht. Fir de Lëtzebuerger Europadeputéierten Charles Goerens wier d’Efficaciéit vu Mesure wéi zum Beispill Insektenetzer visibel. Seng Kritik ass allerdéngs dass besonnesch d’Europäesch Union nach wäit enner dem Budget schafft, fir de Problem wierklech ze bekämpfen.

D’Vereenegt Staaten a Groussbritannien géife vergläichweis vill bäisteieren. An engem Artikel fir den EU-Nooriichteportal Euractiv schreift de Charles Goerens och dass den EU Budget fir Recherche an Investissementer op 120 Milliarden Euro klamme muss, an dass dat hei eng Fro vu Leadership an der EU ass. Et géif drëms goen op Europa Malaria wierklech bekämpfe wéilt.

D’Krankheet kéint donieft och an Zukunft ee gréissere Problem an Europa ginn.

Mat dësem Phenomän misst ee rechnen, an duerch präventiv Moossname virgoen, zum Beispill andeems aktiv géint de Klimawandel agéiert gëtt.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

w

Connecting to %s