Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 4. Mee ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
[Radio USO]: D’Europäescht Parlament huet de Facebook-Grënner Mark Zuckerberg invitéiert fir zu Bréissel den Europadeputéierte Ried an Äntwert ze stoen. Facebook huet a deene leschte Wochen a Méint vill Kritik missen astiechen fir hieren Emgang mat den Donné’en vun hiere Notzer. De Bill Wirtz mat enger Korrespondenz vu Bréissel.
GDPR. Dat ass d’Ofkierzung fir déi nei General Data Protection Regulation, also déi neisten EU-Dateschutzveruerdnung. D’sozial Netzwierk Facebook huet an deene leschten Deeg Reklamm an europäeschen Zeitunge gemaach, fir dorop hinzeweisen dass si d’GDPR wäerten anhalen. Fir déi Lëtzebuerger Europaparlamentarierin a fréier Komissärin fir Medien, Viviane Reding, misst dat usech jo och keng Neiegkeet sinn.
An engem Bréif un d’Facebook CEO Sheryl Sandberg virun engem Mount, schreift d’Viviane Reding: “Et brauch ee Joeren fir Vertrauen opzebauen, mee et brauch just Sekonnen fir et ze verléieren.” a nennt déi nei Dateschutzveruerdnung eng “gëllen Opportunitéit” fir Facebook, fir sech vu rezente Skandaler ze erhuelen.
Et schéngt awer wéi wa Facebook déi europäesch Reegelungen ze strikt fënnt fir hir amerikanesch Notzer, well déi an Zukunft iwwer Facebook an den USA, amplaz iwwer d’Serveren an Irland geréiert ginn. D’Viviane Reding wëll vu Facebook wëssen wéisou och bestehend Gesetzer bis elo net agehaale goufen, a mecht kloer dass d’EU Dateschutz eescht hëllt. Daten wieren nämlech Eegentum.
Bis ewell ass nach onsecher op de Mark Zuckerberg wierklech virum Europaparlament aussoe wäert.