[REPORTAGE] Wat ass d’Potenzial vun der Blockchain ?

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass den 28. Abrëll ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.

[Radio USO] : Duerch Kryptowährunge wéi Bitcoin ass de System vun der sougenannter « Blockchain » méi bekannt ginn. Obwuel Kryptowährungen ëmmer méi diskutéiert ginn, ass de politeschen Intérêt un der Technologie kleng. De Bill Wirtz mat enger Korrespondenz vu Bréissel.

Fir d’Spezifizéite vun der Blockchain ze erkläeren kéint een Deeg a Wochen opbrauchen, mee grondsätzlech muss ee folgendes wëssen : d’Blockchain ass een dezentraliséierte Datesystem um Internet, deen Donné’en allgemeng accessibel, an vun iwwerall aus iwwerpréifbar mecht. Méi einfach ? Soe mir dir hätt eng Informatioun op ärem Computer. Duerch d’Blockchain ass dës Informatioun och op anere Computeren enthalen, déi är Informatioun iwwerpréife kënnen. Fir eng Währung ass et bis elo sou dass wann dir enger Persoun Suen iwwerweist, iwwerpréift är Bank op d’Transactioun geschitt ass, a béid Säiten trauen der Bank. Op der Blockchain kann all Acteur iwwerpréiwen op är Transactioun iwwerhaapt gemaach ka ginn, well jiddereen accès huet zu der Informatioun op är Suentransactioun gülteg ass oder net. Dësen Austausch vun Informatioune funtkionéiert och mat aneren Donné’ne, wéi zum Beispill Software.

Am Europäesche Parlament zu Bréissel gouf sech mat dësem Sujet nach net vill beschäftegt. Fir d’LSAP Europaparlamentarierin Mady Delvaux läit et un den technesche Kompetenzen.

D’Mady Delvaux seet dass si selwer komesch ugekuckt gi wir wéi si sech ugefaangen huet fir Robotik ze interesséieren. Grondätzlech kann ee soen dass d’Absence vum Intérêt vu villen an der Politik doru läit, dass ganz einfach keen et richteg versteet.

An effektiv, een eenzege Rapport ass bis elo iwwert deen eenzeg bekanntene Produkt vun der Blockchain verëffentlecht ginn: an zwar zu de Kryptowährungen. Dëse Rapport ass net immens konklusiv. Chancen a Risiken ginn ofgewäert, mee eng Richteg Konklusioun feelt.

D’LSAP-Deputéiert seet dass déi Parlamentarier déi sech mam Sujet beschäftegen op alle Fall net wëlles hätten elo groussaarteg wëllen ze reguléieren. Op d’Fro hinn op si selwer scho mat Kryptowährunge ze dinn hätt, seet d’Europadeputéiert.

D’Blockchain huet deemno an der allgemenger Bevëlkerung an an der Politik nach aa laange Léierwee viru sech.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s