[DOSSIER] Schwaarz Schoof an Europa? Zentral- an osteuropäesch Parteie maache Bréissel Kappzerbrieches

Dësen Dossier gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 4. Abrëll ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.

[Radio USO]: Déi grouss europäesch Parteifamilljen hunn eng ganz Rei Problemkanner, dorënner Parteien an Polen oder Ungarn. Wéi genau mat dësen Parteien emgaange soll ginn, do scheeden sech d’Geeschter.  De Bill Wirtz mat enger Korrespondenz vu Bréissel.

Zënter enger Zäit schon ass déi ungaresch Partei Fidesz ee Problem an der Parteielandschaft vun der Europäescher Union. Den ungaresche Premierminister Viktor Orban gëtt reegelméisseg kritiséieret fir seng anti-Immigratiounspolitik a Rhetorik. An enger rezenter Ried zu Budapest, an där en vun der “Invasioun vun Immigraten” schwätzt, sot den Orban: “Afrika trëppelt eis d’Dier an, a Bréissel verdeedegt eis net.”

Fidesz, d’Partei vum Viktor Orban, ass an der Europäescher Vollekspartei (EVP), do wou och d’CSV mat dran ass. Fir den CSV-Europadeputéierten Frank Engel ass et säit laangem kloer dass Fidesz keng Plaaz a senger Parteifamill méi huet.

Déi Däitsch Partikollegen vun der CDU/CSU géifen dat awer anescht gesinn.

D’Extremer an Zentral- an Osteuropa hätten hir Plaz an dëse Parteistrukturen net méi. Amplaaz misst ee pragmatesch Koalitioune bilden.

Fir de Leopold Traugott vum europäesche Reform Think Tank Open Europe, ass de System vun der Postendesignatioun innerhalb vun der EU Schold dorun dass déi europäesch Parteifamilien och kontrovers Partner mat ophuelen.

Fir de Politikanalyst ass d’EVP kloer hypokritesch an hierem Discours.

Fir den DP-Europaparlamentarier Charel Goerens, deen an der Fraktioun vun den Europäeschen Liberalen an Demokrate siégéiert, ass och kloer dass d’Valeuren vun der Rechtsstaatlechkeet essentiell sinn fir d’Zesummestellung vu senger Parteifamill.

An dem Charel Goerens senger Fraktioun sëtzt déi tschechesch Regierungspartei ANO, deenen hiere Parteichef Andrej Babiš als den “Europäeschen Donald Trump” bezeechent gëtt a géint dee momentan eng Enquête wéinst Détournement vun europäesche Fonge leeft. Dem Charel Goerens seng Positioun ass awer net esou streng wéi déi vum Frank Engel, wahrscheinlech och well ANO sech méi fir d’Europäesch Unioun ausschwätzt.

Eng vun de Kritiken déi opkënnt wann et ëm dës Parteie geet, ass dass si ni hätte Member vun der Europäescher Unioun dierfe ginn. Den DP-Europadeputéiereten léist dës Kritik net gëllen.

Déi europäesch Parteifamillen stellen d’Fraktiounen am Europäeschen Parlament zesummen. Wien am meeschte Kooperatiounen ageet, deen erreescht am meeschten Afloss. Grad dofir ass d’Arrivé vun dem Emmanuel Macron sengem Mouvement “En Marche” esou grouss diskutéiert zu Bréissel. De Ludovic Mendes, Deputéierten an der franséischer Assemblée nationale fir d’Moselle, péckt de Sujet vun Ungarn a Polen mat ganz doucen Hänn un.

A wéiee politesche Groupe “La République En Marche” sech géif selwer aloossen doriwwer wollt de franséischen Députéierten keng Ausso maachen.

Den Emmanuel Macron schwätzt sech op enger Säit fir Sanktiounen aus, a priedegt op där anerer Säit Dialog. Kee Wonner dass dat fir seng Partei schwiereg ze interpretéieren ass.

Fir de Vincent Delhomme, Politikanalyst fir de franséischen Think Tank “Generation Libre”, seet dass déi Duebelmoral vun den europäesche Parteifamillen méiglech ass well d’Wieler net verstinn wéi de System iwwerhaapt funtkionéiert.

De Grond firwat Polen deemno an d’Diskussioun géif kommen fir sanktionnéiert ze ginn an Ungarn dofir emol net a Fro kéim, wier well de Viktor Orban sech strategesch an dem politesche Grupp vum Angela Merkel platzéiert huet. Hien ass domat quasi unantastbar.

Déi europäesch Parteifamillen struewele mat Parteien an Zentral- an Osteuropa, deelweis aus politeschem Kalkül, an deelweis aus der Angscht den europäesche Projet a Gefor ze bréngen. De richtegen Challenge ass dass de Wieler dëse komplizéierte Werdegang bis zu den Europawahlen d’nächst Joer duerchkuckt, an eng informéiert Décisioun huele kann.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s