Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass den 30. Mäerz ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
[Radio USO]: D’Europäesch Kommissioun vum Jean-Claude Juncker steet hefteg an der Kritik zu Bréissel, fir d’Nominatioun vum Däitschen Martin Selmayr. Et gëtt virgeworf dass d’Prozeduren net agehaale goufen. De Bill Wirtz mat enger Korrespondenz vu Bréissel.
Säit Ufanks Mäerz schléit d’Nominatioun vum Martin Selmayr Wellen an der Europäescher Union. Dem Jean-Claude Juncker säi Confidant gouf zum Generalsekretär ernannt, an dat an enger ontransparent an onkommunikativer Aart a Weis, werfe Kritiker fir. An der Plénière vum Europäesche Parlament zu Stroosbuerg huet gouf d’Kommissioun op alle Fall net geheemelt.
Honnerte vu Froen goufen vum Europäesche Parlament un d’Kommissioun gestalt, an awer zitt sech déi politesch Kris virun. De Günther Öttinger, Kommissär fir Personal, ass reegelméisseg fir de Jean-Claude Juncker agesprongen fir de Parlamentarier Ried an Äntwert ze stoen.
De Jean-Claude Juncker selwer ass ongespréicheg iwwert de Virfall. Während enger Pressekonferenz mam Conseilpräsident Donald Tusk, äntwert hien op eng Fro vun engem hollänesche Journalist op Englesch a seet: “Den Här Selmayr wäert net zrécktrieden well ech deen eenzege sinn deen hien dat froe kann.” Hie mecht kloer: Wann de Martin Selmayr zrécktrëtt, dann trieden ech och zréck.
De Jean-Claude Juncker seng Menace zréckzetrieden, falls säin héije Beamte misst goen, ass eng politesch Erpressung u seng eege Fraktioun, déi et sech kuerz virun den Europawahle net leeschte kéint e solche politesche Chaos ze empfänken. Dës Reaktioun stellt Kritiker och just weider froen iwwer d’Wichtegkeet vum Martin Selmayr, a vum politesche Machtspill deen innerhalb vun der Kommissioun lass ass
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!