De Beitrag deen de Radio 100,7 net wollt dass dir en héiert

UMIERKUNG: Dëse Beitrag sollt ursprünglech um Radio 100,7 als Fräie Mikro laafen. D’Programmredaktioun huet mech informéiert dass e net iwwerdroe gëtt well en “net faktuell begrënnt ass”. Hei ass de Beitrag, fir dass dir iech selwer ee Bild maache kënnt, och am Wëssen dass de Radio 100,7 behaapt dass de Fräie Mikro ënnert der Responsabilitéit vun de Contributeure selwer steet.

Ultimativen Ultimatum

“Mäi Papp war Fonctionnaire a meng Mamm huet och näischt geschafft”. Dat sot deemools de Coluche. Deen hat sech an den 80er Joren zwar un der Politik versicht, mee war un der politescher Elite gescheitert. Et géif de franséische Satiriker sécherlech net iwwerraschen dass sech säit sengem Dout net schrecklech vill verännert huet bei der Fonction publique. Hir Evolutioun ass eng lues Verwandlung vun engem Service um Bierger, zu enger privilegiéiert Klass.

Zu Lëtzebuerg stellt d’CGFP Froen un déi politesch Parteien, an erlaabt et sech een Ultimatum ze stellen. D’Reaktioun vun deene selwecht Parteien: Net frou doriwwer dass se een Delai gesat kréien, mee fir de Rescht falen se all bal iwwerteneen fir der Staatsbeamtegewerkschaft dat ze soe wat hinnen am meeschte politesche Kapital bréngt. Wie mengt dass hei kee sech mam Wand dréit, brauch just d’Interview’en vum November mat deene vun dësem Mount ze vergläichen. An et ass jo net esou wéi wa mer eis nach eppes virmaachen, well mir kennen d’Spill vun de Reforme schonn: Während e puer Méint gëtt et een hin an hir, déi eng Partei fir d’Ofschafen vum 80-80-90, déi aner e bësse méi skeptesch, a spéitstens an der nächster Koalitioun kritt d’CGFP nees dat wat se gär gehat hätt. An da maache mer eis direkt un déi nächste Fuerderung well d’Sue, déi si jo do.

Mir hunn eng politesch Klass ouni Courage, déi éischter nach hir eege Paie un d’Realitéit upasse géing, wéi déi vun eise Fonctionnairen. Iwwer 48.000 Leit schaffe beim Staat an dem assimiléierte Secteur. Leit, déi Partner, an oft eng Famill hunn, déi hir finanziell Interêt’en an hir Wahldécisioun ëmsetzen. Wann dir fir ären eegene Patron wiele kéint, géift dir och léiwer dee wielen deen iech méi an der Paie versprécht. Wéi soll een an engem Land an deem d’Politik esou beaflossbar vum ëffentleche Secteur ass, nach efficace Reforme maachen?

uros-jovicic-322314-unsplash

Am schlëmmsten ass d’Konsequenz op déi nächst Generatioun vu Leit déi op den Aarbechtsmaart kënnt: D’Generatioun “ech gi bei de Staat”. D’Generatioun Schoulmeeschter a Schoulmeeschtesch, déi no e puer Joer Uni zu Innsbruck, a mat 0 Aarbechtserfaarung am Privatsecteur, an den éischte Gewerkschaftsreien de Rescht vun de Lëtzebuerger Steierzueler erkläert wisou et bei hinne ni eng Finanzkris ka ginn. Eng Generatioun déi scheinbar mam Gefill erakënnt dass ee sech mat senger éischter Paie een Haus kafe kënne misst.

Klenge Realitéitscheck: Är Aarbecht ass guer net esou wichteg, een iPhone an een Auto si kee Mënscherecht, an dir kënnt iech glécklech schätzen dass dir ni musst en enger kompetitiven Aarbechtsmilieu schaffen. An nee, et ass keng gutt Ausried ze soen et wéilt ee just “de Privatsecteur géint den ëffentleche Secteur opbréngen”. De Privatsecteur finanzéiert de Staat, an de Steierzueler huet d’Recht sech kritesch mat deene Servicer auserneen ze setzen déi e bezuelen muss. Just well de Sujet enger Rei Leit net gefält, heescht et net dass mir een Tabu-Thema draus maachen mussen. Jo, vill vun eise Fonctionnairen sinn iwwerbezuelt; anerer sinn duerch parteilech, frëndlechen oder Familienkontakter beim Staat ënnerkomm. Dir kënnt den Test maachen: Mir hunn all opmannst eng Persoun an der Famill déi esou beim Staat “schafft”. Wann dir iech elo sot, “a menger awer net”, dann ass d’Wahrscheinlechkeet grouss, dass dir et selwer sitt.

Mir hunn aus eisem ëffentleche Secteur eng privilegiéiert Klass gemaach, déi hir Salaireslobbyisten virschéckt; net am Interët vun de Bierger, mee an hirem eegene finanziellen Interêt. Dës Situatioun wäert dem Grand-Duché iergendwann eng kéier iwwert de Kapp wuessen. Well wann d’Kaze fort sinn, da sinn d’Mais Meeschter. An dat ass just eng Fro vun der Zäit.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

  1. Christian

    Bonjour,

    ech kann durchaus novollzéien datt den 100komma7 deen Kommentär nët senden wollt, ass waat den Contenu ugeet engersaits zimlech iwwerflächlech, aanerersaits gespickt mat Cliché’en. Privat deelen ech verschiddener dofunner, ma se pauschal ob der Place Publique virdroen kann och als Frecheet obgefaast ginn.

    Jo, Dir hudd Rescht datt verschidden Staatsbeamten an engem kompetitiven Aarbechtsemfeld Problemer kriiten, genausou wéi daat fir eng Rëtsch Leit am Privatsecteur jo och den Fall ass. An ët ass och évident datt d’Leit sech géint néi Contrainten stämen, daat ass naischt waat sech ob d’Fonction Publique limiteiert. Kuckt d’Diskussioun ëm den Tiers-Payant bei den Dokteren : si weigeren sech véhément hieren Service um Client ze verbesseren, ouni iwwerzeegend Begrennungen.

    Jo, d’Ufanksgehälter an souguer d’Évolutioun vun den Gehälter an der Fonction Publique sinn immens avantageis, bis se dann ower un e gliesernen Plafang stoussen : en héigen (a engageierten) Fonctionnaire mat Verantwortung verdingt manner wéi ob engem équivalenten Posten am Privatsecteur.
    Ma ass et verwerflech datt vill Jonker e Choix huelen deen hinnen dann Geld brengt wann se et brauchen fir sech ze etableieren ? Hudd Dir eng Ahnung wei weineg een als Primaner am Privatsecteur am Ufank verdingt, respektiv wei flaach do oft d’Carrière verleeft, souguer wann een Kollektivvertrag do ass ? Wann een eleng vun senger Aarbecht muss liewen dann geet daat oft nët duer fir Résident ze bleiwen.
    An ass et nët normal datt eng CGFP an Zaiten wou honnerten vun oppenen Plaatzen beim Staat bestinn (= mei Belaaschtung fir hier Membren) sech dofir asetzt datt fir dëss Posten (nach) méi attraktiv ginn fir potentiel Intressenten ?

    Well der Iech ob 80-80-90 Regelung bezitt : kommt mir sin eierlech, daat huet den Staat just agefouert huet fir Suen ze spueren. Or, firwaat hëllt een , wann een den Jonken hier Suergen kennt (=Wunnengspraisser), hinnen just DEEN Moment Revenu eweg wou si ët am allermeeschten brauchen ? Amfong eng Sauerei vun der deemoleger Regierung.

    D’Fonction Publique ass eppes wei e gëllene Käfeg : ët ass een u verschidden Contrainten gebonnen, ma dëss ginn a Kaaf geholl well een dofir relativ genereis dédommageiert gëtt. Am Privatsecteur kritt een manner, dofier ass een méi flexibel sengem Patron den Réck ze dréinen wann et engem nët mei passt.

    Disclaimer : natirlech ass och meng Famill voll mat Staatsbeamten. Ech schaffen am Privatsecteur.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

w

Connecting to %s