Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass den 22. Februar ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
[Radio USO]: Duerch de Brexit faalen dem Budget vun der Europäescher Union ongeféier 13 Milliarden Euro ewech. D’Diskussioune laafen elo zu Bréissel fir eraus ze fannen wéi déi sollen ausgeglach ginn. Eng Korrespondenz vum Bill Wirtz.
Eng ganz Rëtsch EU-Politiker mengen dass et wéinst dem Brexit-Budgetslach elo un der Zäit ass d’Contributiounen ze erhéijen, mee villäicht och méi wait ze goen an der Unioun hir eege Moyen’en ze ginn. Fir d’CSV-Europaparlamentarerin Viviane Reding muss virun allem emol gekuckt gi wat gebraucht gëtt.
D’Viviane Reding ënnersträicht dass si fir adequat Ausgaben fir d’europäesch Secherheet ass, dorënner d’europäesch Aussegrenzen. Bei der Agrarpolitik misst de Subventiounsmodell iwwerduecht ginn. Länner wéi Holland oder Polen, déi em meeschte kréien mee sech am mannsten un d’Reegelen hale, misste vu manner Contributioune vun der EU profitéieren. An EU-Steier? Net sou ganz.
Grondsätzlech ass d’Viviane Reding awer der Iwwerzeegung dass d’EU hir eege Mëttel bräicht. Just och do gëtt et ee “Mä…”.
D’Diskussiounen iwwert den EU-Budget annoncéieren sech op alle Fall hëtzeg. Beim Geld hällt wéi gewinnt, d’Frëndschaft op.