[REPORTAGE] Frank Engel: “Mir hunn ee Gouvernance-Problem a Mëtteleuropa”

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass den 10. Januar ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.

[Radio USO] Zënter e puer Joer schon ass Ungarn d’Problemkand an der Europäescher Unioun. Säit kuerzem steet och Polen an der Kritik zu Bréissel. De Bill Wirtz huet sech mam Europdeputéierten Frank Engel getraff fir Äntwerten ze fannen.

“2018 gëtt et Joer mat ville Konfrontatioune mat Bréissel, a mir wäerten um Sujet Immmigratioun géint d’EU gewannen”. Dat sot den ungaresche Premierminister Viktor Orban d’lescht Woch. Poland an Ungarn stelle sech bei Léisungen fir eng gemeinsam europäesch Asylpolitik Queesch: Si mengen dass Europa zevill Flüchtlingen ophëllt.

Fir den CSV-Europaparlamentarier Frank Engel ass et net d’Schold vun dësen Zentraleuropäesche Staaten dass et am Dossier Asylrecht net viru geet. Mir wieren all dofir verantwortlech dass mir net éischter zesumme geschafft hunn.

An awer übt de Frank Engel Kritik un dëse Länner, wéinst miserable Liewensconditioune fir Flüchtlingen virun Uert. Dass Ungarn sech géint Kritiken vis-à-vis vun deem groussen Grenzzonk wiert, deen de Viktor Orban op der kroatescher Grenz opgeriicht huet, nennt de Lëtzebuerger Europaparlamentarier “Blödsinn”, well dësen Zonk mat EU-Gelder finanzéiert gouf. Esou een Zonk wier och net méi néideg.

Fir de Frank Engel hätt Mëtteleuropa allgemeng ee substanzielle Gouvernance-Problem. D’Europäesch Unioun misst nees un hir Reegelen erënneren.

Sanktioune géint P0len si fir de Lëtzebuerger Parlamentarier zu Bréissel ee Must, mee esoulaang wéi Ungarn géif zu Pole stoen, kënne keng Sanktiounen aktivéiert ginn. De Frank Engel mengt dofir dass béid Länner gläichzäiteg misste sanktionnéiert ginn, well se sech dann net géigensäiteg mat engem Veto ënnerstëtze kéinten. Et wier dovun auszegoen dass d’Euroskepsis vu Warschau géing viru goen.

Dass de Frank Engel sech mat sengen Aussoen an der Europäescher Vollékspartei keng Frënn mescht, schéngt hien op alle Fall net ze stéieren. Seng Positioun, wéi déi vun der CSV, wier dass den ungaresche Premier Viktor Orban an hierer europäescher Parteifamill, näischt verluer hätt.

 

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s