[REPORTAGE] EU reforméiert Dateschutzreegelen

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 15. Dezember ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.

[Radio USO]: D’Europäesch Unioun mecht grondleegend Ännerungen an hire Reegelen fir de perséinlechen Datschutz. De Bill Wirtz bericht vu Bréissel.

Säit 2015 schafft d’Europäesch Unioun un engem Reformpak fir Dateschutzreegelen am Beräich vum marché numérique. An dësem Reformprojet sinn Dateschutzreegelen fir perséinlech an onperséinlech Donné’en mat abegraff. An enger éischer Phas d’lescht Joer gouf deen éischte Pillier schon a d’Gesetzgebung ëmgesat, a gekuckt, wéi Entreprisen bis zu der Ëmsetzung am Mee 2018 mat de neie Reegelen ëmginn.

Den zweete Pillier, dee momentan diskutéiert gëtt, beschäftegt sech mat der Privatsphär vun de perséinleche Kommunikatiounen vun de Konsumten. Fir de Louis Dancourt, Expert am Digitalberäich fir FleishmanHillard, stelle béid Texter eng Symbios duer.

Wéi déi leschte kéier Ännerungen um Datschutzmechanismus gemaach goufen, hätt et Instant-Messenger wéi déi vu Facebook oder WhattsApp nach guer net ginn, an dofir wier elo eng Reform dréngend néideg gewiescht.

Bis elo hu Messenger Apps op ärem Handy oder Computer är Konversatiounsdaten benotzt fir zum Beispill Reklammen personaliséieren ze kënnen. Dat beinhalt och déi sougenannten “Cookie’en”, wéi de Louis Dancourt erkläert.

Dës nei Reegelen wieren deemno eng Verbesserung vun der Situatioun fir de Konsument. Vun der Idee dass d’Benotzer och selwer d’Besëtzer vun hierem Date sinn, wiere mer awer nach wäit ewech seet de Louis Dancourt, well dës Conceptioun och géif zouloossen dass mir eis eegen Date verkafe kéinten.

An der Diskussioun géif et och hëllefen, wann d’Konsumten méi oft sech hir Benotzerkonditiounen duerchliesen géifen. An der Zwëschenzäit sollte Leit, déi sech ëm hier Daten a Privatsphär online Suerge maachen, un eng ganz einfach Reegel halen: Passwieder méiglechst laang maachen an reegelméisseg änneren. Sécherheet am Netz ass Sécherheet dobaussen.

[Radio OFSO]: D’Europäesch Unioun schafft u neien Dateschutzreegelen. De Bill Wirtz huet sech zu Bréissel déi genee Changementer ënnert d’Lupp geholl.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s