Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 1. Dezember ausgestraalt ginn. De Beitrag kann am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
Nieft Lettland, Portugal an der Slovakei ass och Lëtzebuerg Kandidat fir de Posten vum Präsident vun der Eurogrupp. D’Regierung vum Grand-Duché huet de aktuelle Finanzminister Pierre Gramegna als Nofolger vum aktuellen holläneschen Präsident Jeroen Dijsselbloem virgeschloen.
Et war de Jean-Claude Juncker deen 2004 als éischte Präsident vum Eurogrupp gewielt gouf, an deen 9 Joer laang dës strategesch Meetingen geleet huet. Den Eurogrupp als de politische Bureau vum Euro, a kritt eng ganz besonnesch Wichtegkeet dann wann Euro-Länner a finanzielle Schwieregkeete sinn.
Fir den Europdeputéierten Charles Goerens soll all Kandidat fir dëse Posten déi selwescht Chancë kréien. Et géif op d’Qualifikatioun ukommen.
Zu Bréissel, sou de Charles Goerens, wiere verschiddener skeptesch dass de Grand-Duché gläichzäiteg de Präsident vun der Kommissioun an dee vum Europgrupp stelle géifen.
Dem EU-Nooriichteportal Euractiv no, wier besonnesch Frankräich géint d’Kandidatur vum Pierre Gramegna, well Steierdossier’en wéi déi vun de LuxLeaks, Lëtzebuerg als Kandidat géifen diskreditéieren. Scho virun der Annonce vun de Kandidaten huet et geheescht dass Frankräich, Däitschland an Italien sech op de Kandidat Mario Centeno eens gi wieren, dee momentan de Finanzminister vu Portugal ass. De franséischen EU-Commissaire Pierre Moscovici widdersprecht där Secherheet awer, a seet dass bis zum Vote vun e Méinden all Kandidaten mat gläiche Chancen géife do stoen.
Den Eurogrupp wäert sech an deene nächste Méint nees méi mat dem europäesche Stabilitéitsmechanismus beschäftegen.
Vill Aarbecht wäert fir de kommenden Eurogruppe-Chef zoukommen. D’Décisiounen vun den europäesche Finanzministeren gëtt e Méinden getraff.