D’Médecins du Monde verdéngen är Sue net

Mat hirer neier Campagne hunn d’Médecins du Monde et fäerdeg bruecht aus hirer gudder Cause eng Jalousie-Aktioun sonnergläichen ze maachen. D’Hëllefsorganisatioun plakatéiert d’Land mat Pousteren op deenen se drop hiweisen dass Lëtzebuerg een immens räicht Land wier, mee dass ze vill Leit nach aarm wieren. Dorënner si Spréch ze fanne wéi “Luxembourg. Le 2ème pays le plus riche du monde. Pas pour Claudine.

Iwwer d’Claudine wësse mir an dësem Beispill net vill. Ass d’Claudine drogenofhängeg, Alkoholikerin, huet d’Claudine hir Kanner op der Streck gelooss a gouf schon zweemol gescheet? Klaut d’Claudine reegelméisseg fir sech Drogen ze prokuréieren? Alles dat seet eis d’Reklamm zwar net, mee si sinn, en vue vun der Bevëlkerung op eise Stroossen, a kenger Aart a Weis onwahrscheinlech. Iwwer Lëtzebuerg wëssen d’Lëtzebuerger awer vergläichsweis vill.

D’Lëtzebuerger wëssen dass de Staat (zu Recht oder zu Onrecht), immens vill Sue fir Sozialhëllefen ausgëtt, dorënner och fir Leit déi an Aarmut liewen. Mir garantéiere Schlofplazen, Duschen, Iessen a Kleeder iwwer eis Don’en a Steiergelder. Iwwer vun de Gemengen organiséiert Aarbechtsinitiativen hu mir dausende vu Leit eng Aarbechtsplaz a Formatioun subventionéiert. An op der Strooss muss zu Lëtzebuerg, am Verglach zu eisen Nopeschlänner, keen am Wanter erfréieren.

E wéineg skurril ass dann och déi Idee dass mir de Grand-Duché iwwert säi Succès responsabiliséiere sollen. Den ekonomeschen Opdriff duerch Banken, Assurancen, Logistik oder IT-Secteur huet Leit net méi aarm gemaach, bien au contraire. Eise Succès huet méi Aarbechtsplazen a Formatiounsméiglechkeete fir jidderee bruecht. Dofir brauch sech kee Lëtzebuerger an iergendenger Weis schlecht ze fillen.

Zum Schluss muss een dann nach hoffen dass d’Médecins du Monde de Leit besser Consultatiounen offréieren wéi se rechne kënnen: Während si behaapten dass de Salaire mensuel zu Lëtzebuerg 5.370€ sinn, ass déi eigentlech Zuel (OECD 2015) 4.425€, an dem Statec no bei 4.300€. De Vize-President vu Médecins du Monde Marc Gerges, huet dozou an der Press behaapt dass solch Zuelen “offen zur Interpretatioun wieren”, sou e bësse wéi déi “alternativ Fakten” vum Pressespriecher vum Donald Trump. Wat si schon 1.000€ méi oder manner, geldier?

Op alle Fall géif et de Médecins du Monde gutt doen hier Campagnë mat de Franséische Kollegen ofzeklären: Am Rapport financier 2015 steet do dass de President vu Médecin du Monde iwwer 60.000€ am Joer, also 5000€ de Mount verdéngt. Déi Persoun leescht ouni Zweiwel vill Aarbecht, et misst ee just versichen net mat enger flagranter Duebelmoral do ze stoen. Oder sinn dat nees “Interpretatiounsdivergenzen”?

D’Lëtzebuerger wëssen dass d’Montant’en vu Salairen hei am Land, am Ausland villäicht héich ausgesinn. Wien awer am Grand-Duché lieft, wees dass et mat Loyer’en an anere Liewenskäschten oft knapps gëtt. Don’en maache fir mannerbemëttelt Leit ass eppes wat ee maache soll, mee da méiglechst un eng Organisatioun déi net dausenden an dausenden vun Euro’en an eng iwwerflësseg Reklammecampagne verpolvert.

Den Ordre permanent, op alle Fall, ass séier geännert.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s