Léif CGFP: Da gitt dach streiken!

Jorelaang schonn si Lëtzebuerger Regierungen domat amgaangen der Staatsbeamtegewerkschaft hier Wonschlëscht ofzeschafen, mee sou richteg stellt sech dach d’Fro wat d’Salaire’s-Lobbyiste vun der CGFP da maache géife wann eng politesch Majoritéit hinne mol eng kéier géing Nee soen. Streiken? Firwat eigentlech net?

Wéi de neie CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger am RTL Background am Gespréich gefrot gouf op hien sech da géing freeën dass trotz engem Regierungsaccord deen eng Erhéijung vun de Fonctionnairesgehälter net virgesinn hat et awer dozou komm wier, huet hie gemengt dass eng wirtschaftlech Situatioun vum Land déi no uewe weist virtéischt deenen zougutt komme muss déi dofir suergen dass d’Land funktionéiert. Pardon? Déi lescht Zuele vum Statec feele mir effektiv nach, mee ech ginn emol staark dovun aus dass eng Woch ouni d’Fonction publique wäitaus méi agreabel wier wéi eng Woch ouni Banken, Restaurant’en, Stroossebau, Assurancen, Busser, Fligeren, Supermarché’en, Tankstellen oder Dokteren.

Grondsazfroen

Grondsätzlech géif ee Streik am ëffentlechen Déngscht eng rei essentiell Froe beäntwerten. Zum engem stellt sech d’Fro op d’Membere vun der CGFP an aner Staatsbeamten iwwerhaapt selwer der Meenung sinn dass d’Demandë vun der Gewerkschaft Sënn maachen. Bis elo huet d’Gewerkschaft sech ëmmer duerchgesat, an ëmmer war et zu de perséinleche Gonschte vun deenen déi an der Fonction publique schaffen. Wien awer elo wierklech fir eng Lounerhéijung Fändel a Päif an der Grapp huele wëll fir op engem verreente Wochendag vun der Noperen op der Telé gesinn ze ginn, deen ass wahrscheinlech méi selten.

Déi zweet Fro ass déi vun de Moyen’en: Wéi laang kann d’Streikkees vun der Gewerkschaft verschidde generéis Paie verdroen? Et wier net déi éischte kéier dass eng Gewerkschaft sech mat méi Confiance weist wéi hir finanziell Situatioun et zouléisst.

Schlussendlech awer ass déi wichteg Fro déi vun dem Support an der Bevëlkerung zu Lëtzebuerg: Wann den duerchschnëttlech politesch interesséierte Bierger déi salarial Demandë vun der CGFP net novollzéie kann, da wäert sech weise wéivill Sympathie en op laang Dauer fir zouen Administratioune wäert hunn.

Et gëtt Zäit dass d’CGFP fir hier Demandë responsabiliséiert gëtt an dass dat politesch Personal zu Lëtzebuerg, amplaz sech elektoral vun der Fonction publique aschüchteren ze loossen, de Courage kritt fir Nee ze soen.

Léif CGFP, da gitt dach emol streiken.


Dësen Artikel gouf den 03/05/2017 am Lëtzebuerger Journal verëffentlecht.

Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s