Ech sinn ee Sandweiler. Loosst de Fluchhafen a Rou.

En Dënschden dréien ech de Radio op an héiere Leit vum Mouvement écologique déi a mengem Numm schwätzen: Ze vill Kaméidi géing vum Fluchhafen ausgoen, heescht et vun der grénger Parallel-Institutioun, där hire Porte-parole iwwer Telefon d’Liewensqualitéit vun de Fluchhafen-Gemenge kritiséiert. Ech selwer wunnen zu Sandweiler: Vun deem Zëmmer an deem mäin éischt Bett stoung gesäit ee riicht op de Findel, dee 500 Meter wäit ewech ass.

Als Sandweiler dee während 19 Joer all Dag Fligeren opgoen a landen, d’NATO Awacs E-3A Staffel testen a souguer de Réckwärtsgang vun de Fliger-Schlepper héieren huet, ass et e bësse komesch op eemol Leit a mengem Numm schwätzen ze hunn, deenen hiert Wëssen héchstens anekdotesch ass. Als Student deen iergendwann eng kéier op Lëtzebuerg zeréckkomme wëll, wënschen ech mir Konditiounen déi et interessant maache fir Entreprisë fir ze importéieren an exportéieren a fir de néidegen Transport ze assuréieren deen hei Aarbechtsplaze schaaft.

Laang genuch huet Lëtzebuerg sech wirtschaftlech Opportunitéiten entgoe gelooss, well am sougenannten Numm vun der “Récksiicht op d’Bierger” Organisatioune wéi de Mouvement écologique weider fir Reegele wéi zum Beispill de Nuetsflugverbuet gepuscht hunn. Léif Mataarbechter a Sympathisante vum Mouvéco: Do wou geschafft gëtt ass Kaméidi. Dir schwätzt vun der Récksiicht op d’Bierger, da vergläicht et emol mat eisen Noperen: An der Regioun Lorraine ass effektiv manner Kaméidi duerch Fligeren, well manner grouss Entreprisen do schaffen. Resultat: méi Chômage, méi Jugendchômage, a Gemengen déi keng Suen hunn fir den Trottoir ze flécke well keen do ass fir Gewerbesteier ze bezuelen. D’Resultat vun ärer Politik ass Stëllstand.

Ech versichen net ze erklären dass ech fir aner Leit an de Fluchhafen-Gemenge schwätzen, ech schwätze just fir mech selwer. Mee als een dee nieft dem Fluchhafen, mam Fluchhafen a vum Fluchhafe lieft, soen ech: Loosst de Findel a Rou.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

4 Responses

  1. Astrid Federspiel-Zimmer

    Besser kann een dat net erklären. Ech hu mat menger Famill en ätlech Joeren zu Sandweiler gewunnt, an der Haaptstrooss just virun der grousser Kéier iir een op d’Kontrollstatioun kënnt. Et si schons en ättlech Joeren hiir, meng Kanner sinn an där Zäit op d’Welt komm, si hu gutt geschloof trotz de Fliger.
    Ech kann nëmme soen, de Kameidi vun de Fliger war awer nu guer kee Problem am Verglach mat dem vun de Fernlaster déi lanscht eis Viischdier gedonnert sinn, hapsächlech d’Autotransporter, Dag an Nuecht, do hunn ech all Woch meng Glieser an Schaaf erëm op d’Plaz réckeke missen, dat ass kee Witz. En plus hatte mer all gudden Dag en Accident virun der Dir dat ass och net amusant….
    Ok haut ass de Verkéier op de Stroos duerch de Contournement elo zu Sanweiler keen Thema méi, an de Flugverkéier huet zougeholl. Mäis et ass hei esou, alles ass ok a gëtt och gebraucht, an toleréiert, awer wgl. net viru menger Dier. Et misst ee vläischt mol erëm d’Fernlaster e Mount lang duerch Sanweiler dirigéieren, kee wees et, mais dat ging eventuell hëllefen.
    Wéi gesoot eis hunn deemols d’Fliger net gestéiert an mir wieren och zu Sandweiler bliwwen, wann schonn deemols,astro@ de Bauterrain net esou deier gewiescht wir.

  2. Jang Wirtz

    Salut Bill,
    Du wees jo, dat Kaméidi „mein“ Thema ass.
    De gesondheetleche Schued, deen de Kaméidi mecht, ass medizinesch genau évaluéiert an och vun der Organisation mondiale de la Santé unerkannt. . .
    Des sougenannten „intolérance au bruit“ ass keng phatologie en soi ,sie huet awer negativ Auswierkungen op de système nerveux, op de système cardio-vasculaire an esou weider, wat net nëmmen statistesch mee och wëssentschaftlech erwisen ass.
    Leider get et keen Medikament ,esou wéi en Antibiotique bei Infektiounen , fir dëse gesondheetlechen, fier munch Matmenschen grave Probleem ze behiewen.
    Also probéieren déi Betraffen sech irgendwéi aneschter ze wieren.
    De Mouvement écologique ass mat senger Radikalitéit sëcherlech net déi richteg Instanz, déi hëllefe kann.
    De Flughafen ass a sech als Wirtschafsfaktor net ze kontestéieren, obwoul do vill mat falschen Zuelen operéiert get .An dass do Kaméidi entsteet, ass einfach net ze vermeiden.
    Mee wat ze vermeiden wier ,ass déi relativ grouss Zuel vun Nuetsgflig. Du wees secherlech net oder dach , dat zu Franfurt no deenen hiere neien gesetzleche Bestëmmungen manner Noutsflig sinn wéi zu Letzebuerg.
    Ass dat kee Witz , Frankfurt kann alo mat manner Nuetsflig léiwen , Letzebueg net?
    Mais soit
    No enger Emfro vun der Statec sin 14 Prozent vun de Leit hei am Land durch de Kaméidi an hierer Qualité de vie massgeblech beeintrechtegt.Dat fengt un mat Belästigung, gêne oder annoyance an hellt op mat psychescher a physescher Krankheet.
    Ech sinn also een vun deene 14% an du een vun de 86 Prozent. Also bass du des Kéier an der Majoritéit.
    Mee du wees jo am beschten , dass Majoritéit net onbedent bedeit, dat een tatsächlech Recht huet.
    Wann’s du fënns ,dat d‘ Leit sollen de Fluchhaven a Rou losen , da fannen ech dat de Fluchhafen méi muss machen, fir d‘ Leit a Rou schlofen ze losen.

    Neischt fir ongut

    Jang

      1. Jang Wirtz

        Resalut Bill.
        Ech wollt eigentlech net diskutéieren ,mee du féiers 3 Standpunker op an denger Entwert , déi einfach vill méi nuancéiert gekuckt musse ginn.

        1)Du schreifs, dass déi Leit ,déi nom Flughafen oder Fluchhafen ( interessant Differenz) op Sandweiler komme sinn… an esou weider. Du kenns jo mein Alter , ech war op jidde Fall virum Flughafen do. Mee no der Jurisprudenz iwwert de „bruit et le principe de l‘ antériorité“ kéim dein Argument bei enger Klo vun deejenegen Leit, déi schon virum massiven Ausbau vum Flughafen op Sandweiler kom waren, zolid ënnert d‘ Rieder.Souwieso get et am Emweltrecht, wou de Kaméidi als nuisances à limiter opgefuert get ( e gut Beispill ass do dat Schweizer Recht) keen droit acquis oder Gewohnheitsrecht. Oder bass du derfier, dat Wirtschaft iwweral Virrecht soll kréien esou wéi elo beim Trump?
        Deejéinege Leit, déi elo oder zanter e puer Joer op Sandweiler komen oder koumen , an déi da géint de Kaméidi vum Findel reklaméieren , deenen ass natierlech net ze hëllefen.

        2)Du schreifs dat Fliger jo net express Kaméidi machen Du wees jo awer, dat um Findel zou 25 Prozent vum Trafic eng sougenaanten Allgemeng Fligerei bedriffe gët , wou mat deelweis urale Këschten dorëmer geturnt gët a wou et awer nei Geschier mat vill manner Kaméidi gët. . An deem Punkt lose mer mat eise 14 Prozent Zuspruch oder fir Sandweiler nach mei, de Findel bestëmmt net a Rou Ob am kommerziellen Bereich net och nach moyens opérationnels de réduction de bruit bestinn , déi um Findel net emgesat sinn ,wees ech net ze soen , mee ech kënnen eng Partie Leit , déi dat behapten..

        3) Du schreifs vun Arbechtsplatsen fir jonk Leit durch DHL Nuetsflig. Letzebuerg schafft pro Joer esou vill dausenden nei Arbechtsplatzen, dat mir ob esou eppes bestëmmt net ugewise sinn. Ob esou eng Aktivitéit gingen esou gur Lothrenger verzichten obwuel se , wéi‘s du sees, keng Suen hunn fir Trottoiren ze fleken.

        Nach ëmmer neischt fir ongut

        Jang

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s