De Réckbléck vun der Woch [12/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei. D’Versioun vun dëser Woch ass manner detailléiert an net komplett well ech déi ganz Woch iwwer bei engem Concours de Plaidoirie op der Uni Nanzeg deelgeholl hunn.

De Service National de la Jeunesse distanzéiert sech vu kontroversem Video

“E jonkt Meedche gëtt vergewaltegt, d’Frëndinne wëllen de Vergewalteger stellen an erwiergen e schlussendlech – sou kéint een den Zeenario vun engem Lëtzebuerger Danz-Video resuméieren, deen déi lescht Wochen um Internet zirkuléiert ass. Déi brutal Biller an de Message hannendrun hu fir vill Opreegung gesuergt.”

Schreift den RTL um Méinden. Dëse Video, dee vum SNJ (also mat Steiersuen) mat 2 000€ ënnerstëtzt gouf, ass auswëschen net méi um Internet ze fannen. Den SNJ huet sech vum Video distanzéiert a wëll d’Kontrakter mat Jugendproduktioune besser kontrolléieren, fir dass Wäerter wéi Selbstjustiz net weider propagéiert ginn.

D’Chamber übt méi Kontroll iwwer d’Ausgabe vun Deputéierten aus

Nodeems viru kuerzem d’CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt fir 8 000€ fir eng Reunioun vum NATO-Parlament op Washington geflunn ass huet d’Lëtzebuerger Parlament elo decidéiert méi strikt mat den Ausgabe vun de Gewielten ëmzegoen, schreift de Paperjam um Méinden. Vun elo un brauch all Deputéierten eng prealabel Autorisatioun vum Exekutivbureau vun der Chamber.

De Chamber-Site huet och uginn dass am Joer 2016 insgesamt 327 000€ fir Déplacementer (mat Hotel) ausginn huet.

Bei de Pressesubventioune wëll jiddereen an d’Hunnegglas gräifen

Um Méinden mellt de Radio 100,7 dass de Robert Garcia, fréieren Deputéierten an Direkter vun de Carré Rotondes ee méi wäitleefege Fong fir d’Ënnerstëtzung vu Medie fuedert:

“De Staat misst gesellschaftlech relevant Inhalter an net just RTL ënnerstëtzen, seet de Robert Garcia. […] Et misst ee kucken, wéi eng Programmer fir d’Gesellschaft wichteg sinn an dofir sollte subventionéiert ginn. De Robert Garcia nennt als Beispiller edukativ an interkulturell Programmer vu Radio ARA.”

D’Juegd op Steiersuen ass ëmmer op soubal wéi d’Opportunitéit do ass fir mech Suen ze kréien. Elo wou den RTL säin Interêt ugekënnegt huet fir vum Staat finanzéiert ze ginn, ass et normal dass anerer mat opsprangen. Schwiereg dorun ass Staatssubventiounen Ofhängegkeet schafen an dës Medien och sécher net kritesch vu staatlechen Ausgabe maachen.

A ville Länner funktionéiere Medien déi onofhängeg vu Staatshëllef schaffen an déi qualitative Journalismus ubidden elo schon. D’Idee dass de Staat decidéierte wéieng Medien “fir d’Gesellschaft wichteg sinn” a wéieng net, ass een immens geféierleche System.

Den Édouard Perrin hätt besser iwwer aner Sujet’en ze schreiwen

An engem laangen Qutodien-Interview um Mëttwoch seet de franséische Journalist Édouard Perrin, dee bekannt ass fir seng Beedelegung un der Revelatioun vun den immens irrelevanten LuxLeaks-Dokumenter, dass seng Aarbecht zesummen mam Antoine Deltour immens wichteg war. An dësem Interview fällt hien iwwer d’Lëtzebuerger Justiz, Politik an de Steiersystem hir, deen hie fir ongerecht hält. Op d’Fro hinn op hie net der Meenung wier dass säin Heemechtsland net iwwerbesteiert ass, an Paräis just jalous op d’Erfolleger vum Grand-Duché ass seet den Édouard Perrin:

“Je crois malheureusement que tout un pan de la construction européenne a été oublié en matière économique. On a beaucoup entendu parler du contrôle et du dérapage des budgets, mais on n’a jamais parlé de la nécessaire discipline parallèle en matière de rentrées fiscales. On peut parler de ce qu’on dépense, mais il faut commencer par parler de ce qu’on gagne.”

Am Resumé heescht dat: Kritik un engem manner desolatem Steiersystem ass gutt, alles aneres anti-sozial. Den Édouard Perrin hätt besser iwwer aner Sujet’en ze schreiwen. An dësem Interview weist sech kloer dass him den Ënnerscheed zwësche Steierhannerzéiung a Steieroptimiséierung onbekannt ass.

HORESCA: D’ass langweileg zu Lëtzebuerg

Et feelt un touristeschen Attraktiounen zu Lëtzebuerg, esou heescht et vun der HORESCA um Mëttwoch op RTL:

“De François Koepp freet sech an deem Kader, wisou mir hei am Land néierens een Tuerm mat enger flotter Aussiichtsplattform an engem fantastesche Restaurant stoen hunn, wou een eppes erliewe kann. D’Leit wëllen haut kulturell, geschichtlech a mat der Zukunft ënnerwee sinn.”

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s