De Réckbléck vun der Woch [11/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei. D’Versioun vun dëser Woch ass e bësse manner détailléiert well ech de Weekend bei der LibertyCon 2017, der Konferenz vu European Students for Libert zu Prag an Tschechien sinn.

Den OGBL wëll plafonnéiert Präisser um Wunnengsmaart

Um Dënschden mellt den RTL dass d’Gewerkschaft OGBL als Reaktioun op de Rapport vun der Europäescher Kommissioun an der Diskussioun iwwer d’Wunnengspräisser zu Lëtzebuerg behaapt de Staat misst Maximalpräisser festsetzen. Wat wéi eng schlau Idee kléngt ass a wierklech immens kontraproduktiv, an dir braucht dofir net mir nozelauschteren, kuckt iech einfach un wat an Däitschland, déi dëse System hunn, geschitt ass. Um 1. Juni 2016 huet den DIW (Deutsches Institut für Wirtschaftsforschung) ee Pressecommuniqué eraus ginn an deem si folgendes erklären:

“Die Mietpreisbremse hat bisher die Hoffnung nicht erfüllt, den Anstieg der Mieten in angespannten Wohnungsmärkten zu verlangsamen und so den Zugang von BezieherInnen kleiner und mittlerer Einkommen zum Wohnungsmarkt zu verbessern. Es gibt vielmehr Hinweise darauf, dass sie sogar teilweise das Gegenteil bewirkt und den Preisanstieg in den betroffenen Städten kurzfristig eher noch beschleunigt hat, weil insbesondere kurz vor der Einführung der Mietpreisbremse die Mieten gezielt erhöht wurden.”

A genau wéi de Michel Wurth vun der UEL ënnersträicht muss een dofir méi bauen zu Lëtzebuerg an d’Prozedure vereinfachen, eppes wat och den DIW bestätegt:

“Um die Ursachen des Wohnungsmangels zu bekämpfen, sollten Maßnahmen zur Ausweitung der Bautätigkeit und Flexibilisierung des Angebots im Vordergrund stehen.”

Eng positiv Décisioun vum EU Geriichtshaff

En Dënschden huet den EU Geriichtshaff eng Decisioun an zwee Fäll (een an der Belsch an een am Frankräich) gefält an deene Fraen déi ee Kappduch unhate vun hire jeeweilegen Employeuren (G4S a Micropole) erausgeheit goufen. Sou schreift de Quotidien:

“Dans ce dossier, l’employée, Samira Achbita, ne portait pas le foulard au moment de son embauche comme réceptionniste en 2003 par le groupe G4S, qui fournit des services de surveillance et de sécurité. Mais trois ans plus tard, elle faisait part à son employeur de sa décision de porter le foulard, malgré la politique de neutralité affichée d’abord oralement, puis par écrit, par l’entreprise qui interdit le port de signes politiques, philosophiques ou religieux.”

D’Geriicht zu Lëtzebuerg huet decidéiert dass et dat gutt Recht vun engem Patron ass reliéis Neutralitéit vu senge Mataarbechter ze fuerderen, wat och déi richteg Decisioun war. Employé’en sollen un hiren Aarbechtskontrakt gebonne sinn, a wann dee virgesäit dass ee kee reliéist Zeeche weise kann dann ass et nëmmen normal dass dat och agehale gëtt.

De Paul Galles ass Kandidat fir d’CSV an der Stad

Um Dënschden huet d’CSV Stad hir Kandidaten-Lëscht fir d’Gemengewahlen dëst Joer verëffentlecht. Wien am Beräich vun der Lëtzebuerger Jugendszen täteg ass (oder war) dee kennt de 43 Joer ale Power-Katholik duerch Young Caritas, eng Organisatioun duerch déi hie reegelméisseg am Kontakt mat honnerte vu Jonken ass. Bon, iergendwann ass dat “neutraalt” Gespills mat Jugendlechen dann awer egal, et muss ee jo schlussendlech awer an der grousser kathoulescher Famill iergendwou ënnerkommen. Bescheide versicht de Paul Galles op alle Fall ze sinn, andeems hien op Facebook schreift:

Bonne chance Paul, wëllkomm an der Welt an där ee fir Ideeën eeschthaft kritiséiert gëtt.

Asselborn: Flüchtlingen gi net opgrond vu Nationalitéit refuséiert

Um Freideg schreift d’Tageblatt dass de Immigratiounsminister Jean Asselborn kloer ënnerstrach huet dass Flüchtlingen zu Lëtzebuerg net op Grond vu Nationalitéit refuséiert ginn, well all Dossier eenzel géif betruecht ginn. Allerdéngs géifen aus Länner wéi Algerien oder Marokko vill Leit refuséiert gi well se schonn an anere Länner an Europa probéiert haten an hire Dossier refuséiert kruten, wat jo no de Flüchtlingsaccord’en Dublin II an Dublin III net geet.

“Seine Aussage bestärkte er mit der Vorlage von konkreten Zahlen. So hat Luxemburg 2016 168 Entscheidungen, bezüglich Asylanträgen von Irakern getroffen. 93 Personen haben das Statut erhalten und acht Personen haben die sogenannte “protection subsidiaire” erhalten. Abgelehnt wurden laut Jean Asselborn 27 Anträge.

Er betonte zudem, dass einige Iraker unter anderem auch unter das Dublinabkommen fallen und somit in das Land zurückkehren müssen in welchem sie ihren ersten Asylantrag eingereicht haben. Insgesamt liege die Zahl der genehmigten Asylanträge bei 79 Prozent, bestätigt Asselborn.”

De Premierminister gleeft net u Cyber-Attacken vun der CIA zu Lëtzebuerg

Déi neiste Revelatioune vu WikiLeaks hu gewisen dass och Lëtzebuergesch Serveren vun der CIA vu Cyber-Attacke betraff waren. De Quotidien schreift um Freiden:

“Dans sa réponse, le chef du gouvernement reste assez évasif. «Les révélations de WikiLeaks font état de certains serveurs informatiques (DNS, domain name system) luxembourgeois dont la configuration aurait présenté des failles de sorte qu’ils auraient pu être utilisés par d’autres acteurs comme relais», indique ainsi Xavier Bettel. «Une configuration non optimisée des serveurs DNS permet également l’abus de ceux-ci pour mener des attaques de déni de service», poursuit le Premier ministre.”

Wat usech net vill ausseet. Op dat domat ze dinn huet dass diplomatesch Relatioune mat den USA wichteg sinn oder well d’Regierung einfach net méi Informatiounen huet steet weider aus…

Eng Kouduerf-Diskussioun um Kouduerf-Niveau

Um Samschde schéngt den RTL sech e bëssen op d’Säit vun der Familljeministesch Corinne Cahen ze schloen, deem säin Ënnertitel “Eng gängeg Bezeechnung suergt fir vill Gespréichsstoff – tëscht politeschem Serieux a platte Bauzegkeeten. En typesch lëtzebuergeschen Debat?“. Ugaangen ass dës Diskussioun no enger Ried vun der Ministesch Cahen, déi bei dem Accueil vu Flüchtlingen um Land vu Koudierfer geschwat huet. D’CSV-Deputéiert Martine Hansen huet dorop op Facebook reagéiert:

Wouropshinn d’Corinne Cahen gewänert huet:

D’Diskussioun ass selbsterklärend.

 

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s